Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 4. Juni iwwerdroe ginn.
Den Donald Trump ass rosen iwwer Twitter, well d’Plattform seng Tweets elo engem “Fact-check” ënnerstellt, also seet op se der Wourecht entspriechen oder net. D’Republikaner mengen elo dass d’Reegele fir sozial Netzwierker solle geännert ginn.
Twitter hat ee Link ënnert een Tweet vum U.S Präsident gesat, fir dorop hinzeweisen dass dat wat hie gesot huet net stëmmt.
An den USA ass et esou dass sozial Medien net kënne viru Geriicht responsabel gemaach ginn fir dat wat op hierer Plattform steet, anescht wéi d’Press. Als Beispill, wann dir an der New York Times engem ouni Beweist virwerft ee Schwéierverbriecher ze sinn, da kann d’New York Times op d’Geriicht geholl ginn. Op Twitter oder Facebook ass dat net de Fall, well et een offene Forum ass, an deen deen de Beitrag schreift ganz eleng fir säi Contenu responsabel ass.
Den Donald Trump wëll déi Reegelen, zu Ongonschten vun Twitter, elo changéieren.
Zu Bréissel huet sech d’Europäesch Kommissioun am Sträit mam Donald Trump hannert Twitter gestallt. Mee wéieng Reegele fir sozial Netzwierker brauch Europa?
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz seet dass eis Reeglen op alle Fall net up-to-date sinn. Aktuell EU-Reegelen si méi aal wéi Facebook an Twitter selwer.
Fir déi Gréng Politikerin ass et eng schwiereg Diskussioun, an där de Gestzgiewer wichteg Aspekter vum Online-Discours muss a Betruecht zéien. Sozial Medien hunn eng Responsabilitéit, mee déi encadréierend Reegele missten op hier Effekter analyséiert ginn, sou nach d’Tilly Metz. Sou kéint et beispielsweis net zu Reegelen vun automatesche Filtere kommen.
D’Europäesch Kommissioun huet iwweregens en Dënschden eng ëffentlech Consultatioun zum dësem Thema lancéiert, déi bis den 8. September kann ausgefëllt ginn.