[Reportage] Europäesch Kommissioun stellt Strategie fir d’Landwirtschaft vir

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 24. Mee iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Dës Woch huet d’Europäesch Kommissioun eng nei Strategie lancéiert, fir d’Landwirtschaft an Europa ze reforméieren.

De Secteur vun der Agriculture soll méi nohalteg a méi fair ginn. Déi sougenannten Farm to Fork-Strategie, also wuertwiertlech vum Bauerenhaff op d’Forschett, soll Perte bei der Biodiversitéit riichtbéien, an d’Liewensmëttelsécherheet garantéieren. Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz seet, dass de Pabeier op fille Plazen nach ze onkonkret ass. An awer wier et ee positive Mouvement. Vill vun de grénge Fuerderunge wieren zréckbehale ginn, dorënner eng Reduktioun vu 50 Prozent vu kënschtleche Pestiziden.

Virgesinn sinn och 20 Prozent manner kënschtlechen Dünger, 50 Prozent manner Antibiotik an der Déierenhaltung, a 25 Prozent biologesch Landwirtschaft bis 2030.

Enttäuschend fënnt d’Tilly Metz, dass d’Europäesch Kommissioun kee Courage gewisen huet bei der Produktioun a Consommatioun vu Déiereprodukter. Déi wiere Responsabel fir ee groussen Deel vun den CO2-Emissiounen, dofir wier eng Transitioun op planzlech Produkter essentiell.

D’Ëmsetzen vun der Farm to Fork-Strategie wäert sech egal wéi an d’Längt zéien. Déi néideg zousätzlech Guidelines a Gesetzer solle bis 2024 fäerdeg sinn, ier se an de legislative Prozess mam Europäesche Parlament an dem Conseil kommen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s