[Reportage] Bréissel gëtt Recommandatioune fir de Gebrauch vun “Tracing”-Apps eraus

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 23. Mee iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

D’Europäesch Unioun huet Recommandatioune fir d’Benotze vu sougenannten “Tracing”-Apps verëffentlecht.

Duerch esou Applikatioune soll d’Verbreedung vum Coronavirus minimiséiert ginn.

Eng “Tracing”-App ass eppes aneres wéi eng “Tracking”-App. Eng “Tracing”-App seet engem Bescheed, wann een a Proximitéit vun enger infizéierter Persoun war, fir dass ee sech selwer kann a Quarantän setzen, wärend eng “Tracking”-App ee perséinlech géif a senge Mouvementer verfollegen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen erkläert, dass Tracing normalerweis manuell gemaach gëtt, wat wéi hie selwer erausfonnt huet, net immens effikass ass. De manuellen Tracing ass an der Praxis ze spéit, well déi Concernéiert heiansdo just eng Woch duerno gesot kréien, dass si mat enger Persoun a Kontakt waren, déi de Virus huet.

Den CSV-Politiker seet och, dass Tracing-Apps mussen am Aklang mat den Dateschutz-Reegelen vu GDPR sinn. Den Dateschutz wier net duerch Tracing-Apps sacrifiéiert.

D’EU géif doru schaffen, fir dës Systemer mat der Privatsphär an Aklang ze bréngen. Fir de Christophe Hansen wier et eng Fro vu Negociatioun: Duerch d’Benotzung vum mobilen Tracing kéint ee méi einfach seng Fräiheeten, dorënner d’Ouverture vun de Grenzen, zréckkréien.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s