[Reportage] Gastronationalismus : Eng Hëllef fir d’Ekonomie?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 21. Mee iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Als Äntwert op de Coronavirus ass international den Handelsprotektionismus nees méi an der Diskussioun.

Iwwert ee “Gastronationalismus” wëlle verschidde politesch Acteuren déi lokal Ekonomie nees ukuerbelen.

“Gastronationalismus” beschreift de Phänomen, dass Konsumente versichen, just lokal Produkter ze kafen, am Interêt dovun, dass doduerch just der lokaler Wirtschaft gehollef gëtt. De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens seet, dass et problematesch gëtt, wann een esou ee Gedanken un en Enn denkt.

De franséische Landwirtschaftsminister Didier Guillaume sot, dass d’Konsumente sollten e “patriotisme alimentaire” suivéieren, och wann dat géing heeschen, dass ee misst méi Sue fir eng franséisch Tomat ausginn.

De Charles Goerens seet, dass esou Iddien zu Lëtzebuerg net nëmmen der Ekonomie net géingen hëllefen, mä souguer kontraproduktiv wieren. De Lëtzebuerger Secteur vun der Mëllechproduktioun ass staark ofhängeg vun Exporter an d’Ausland. Wa Lëtzebuerger Produkter esou géinge fale gelooss ginn, da wier dat d’Enn vun der Landwirtschaft hei am Land.

Momentan ass et esou, dass am Bannemarché vum europäesche Wirtschaftsraum kee Protektionismus dierf bedriwwe ginn. D’Europäesch Kommissioun muss Hëllefsmesüren och ëmmer de Feu-vert ginn, fir dass de Prinzip vun der fairer Konkurrenz erhale bleift.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s