[Reportage] Heesprénger zestéieren Hektaren un Iesswueren an Afrika

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 9. Abrëll iwwerdroen.

An Afrika sinn honnerte Milliounen Heesprénger amgaangen eng immens geféierlech Kris auszeléisen, déi zu Hongersnéid wäert féieren. Duerch de Coronavirus feelt awer bis elo eng koordinéiert international Äntwert op de Problem. 

Iwwer 25 Milliounen Hektar land sinn an Ethiopien, Kenya, a Somalia betraff. Och Länner a Nordafrika an am Mëttleren Oste si betraff. D’Heesprénger si schon zënter ufanks dës Joers als grousse Problem unerkannt, mee elo entwéckelt et sech zu enger richteger Katastroph.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens erkläert wéi grâve d’Konsequenze sinn: Déi Heesprénger iessen an immense Quantitéiten, a kënnen a Schwäerm vu villen honnerte Milliounen ënnerwee sinn. Net manner wéi 30 Millioune Leit géifen doduerch Gefor lafen an eng Hongersnout ze kommen. Den DP-Politiker seet dass d’Europäesch Unioun schon aktiv wier um Sujet: Am Februar goufen iwwer 10 Milliounen Euro als Hëllefe geschéckt. D’EU ass Member vun engem Netzwierk zesumme mat der Welternährungsorganisatioun FAO an enger ganzer Rei ONG’en.

Op d’Fro hinn op Europa vun engem ähnleche Problem kéint befall ginn, kann de Charles Goerens berouegen. Eis Wantere wieren ze kaal fir dass d’Heesprénger kéinten d’ganzt Joer iwwerliewen. Just op spezifesche Plaze wéi Zypern kéinten EU-Regioune betraff ginn.

Elo wou de Coronavirus och Afrika befällt, ass et wichteg fir d’Heesprénger-Invasioun esou schnell wéi méiglech an der Grëff ze kréien.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s