Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn a gouf den 1. Abrëll iwwerdroen.
An engem Vote e Méindeg huet dat ungarescht Parlament dem Premierminister Viktor Orban d’Recht ginn per Dekret ze regéieren. Mënscherechtsaktivisten an Europaparlamentarier hunn dowéinst Alarm geschloen.
Während aner europäesch Länner hieren Etat d’urgence op eng gewëssen Dauer verlängeren, huet d’Parlament zu Budapest der Regierung de volle Pouvoir ginn à durée indéterminée, also bis eng nei zwee-drëttel Majoritéit an de Präsident se nees ophiewen. D’Mënscherechtsorganisatioun “Human Rights Watch” seet dass de Premierminister Viktor Orban de Coronavirus benotzt fir säi Pouvoir ze verfestegen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Marc Angel fënnt d’Situatioun an Ungarn immens beonreouegend. D’Pressefräiheet an d’Demokratie wieren duerch dës Mesuren a grousser Gefor.
Géint Ungarn leeft an der Europäescher Unioun schoun eng Artikel 7 Prozedur wéint Verstéiss géint d’Traité’en, mee déi ass bis elo nach net viru komm. Den LSAP-Politiker erënnert un eng Europaparlamentsresolutioun vum Januar, an däer ee Mechanismus gefuedert gëtt fir Demokratie a fundemental Rechter. D’EU misst elo domat viru kommen, an Ungarn sanktionéieren. Deem misst och beim neie Budget Rechnung gedroe ginn.
De March Angel huet op alle Fall schaarf “ieder fir déi aktuell Situatioun, a seet dass de Vote e Méinden “bal wéi een Ermächtegungsgesetz” wier.
Hie fënnt dass mir am Verglach zu Lëtzebuerg ee bessere System hätten, well hei d’Chamber viru mat agebonne bleift, an de Noutstand am Moment op dräi Méint limitéiert ass. Et bréicht ee sech dofir hei am Land keng Suergen ze maachen, sou nach de Marc Angel.