[Reportage] Privatsphär : Isabel Wiseler fir anonymiséiert Donné’en, mee géint obligatoresch Corona-Apps

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 4. Abrëll iwwerdroen.

Am Kampf géint de Coronavirus versiche Staaten op der ganzer Welt fir mat Handy-Donné’en méi Informatiounen ze sammelen. An der Europäescher Unioun gi verschidde Modeller getest, déi schnell zum Asaz kéinte kommen, mee déi och Froen iwwer d’Privatsphär opwerfen.  

Wéi a wou beweegen sech Mënschen déi momentan gefrot ginn doheem ze bleiwen? Déi Fro ka mat “Tracking” vun Handy’en erausfonnt ginn. Den EU-Komissär fir de Marché intérieur Thierry Breton huet dofir bei Entreprisen wéi Google a Facebook nogefrot op Bréissel kann anonymiséiert Donné’en kréien.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler ass Member vum Mënscherechtscomité am Europaparlament. Si seet dass bei dësen Informatiounen no de Reegele agéiert gëtt. Donné’en géife anonym bleiwen an nom existéierende Recht och traitéiert ginn. Am Sënn vun der ëffentlecher Gesondheet wier dat och legitim.

Nieft dëse Methoden ginn et awer elo och schon op fräiwëlleger Basis sougenannte “Corona-Apps”, wou d’Leit spezifësch iwwert hieren Handy verfollegt kënne ginn. D’CSV-Politikerin seet sech besuergt iwwer dës Methoden, well nach net gewosst ass wéi et do mat der Legalitéit wier.

An engem Interview mam Nooriichteportal “profil” seet den éisterräischechen Nationalrotspräsident Wolfgang Sobotka dass dës Apps sollen obligatoresch ginn. Dat misst awer nach mam EU-Recht gekläert ginn.

D’Isabel Wiseler seet sech kloer géint esou obligatoresch Apps, well et géing zu engem Iwwerwaachungsstaat féieren. Et kéint ee Mënschen dobaussen unhalen a froen wou se hi ginn, mee ee kompletten Tracking wier net déi Welt déi si sech géing virstellen.

Et wier gutt dass d’Europäesch Unioun mat hiere strengen Dateschutzreegelen do wier, fir d’Mënsche virun deene Staaten ze schützen déi ze wäit ginn, dorënner zum Beispill Ungarn, sou nach d’Isabel Wiseler.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s