Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 6. Mäerz iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler war op Auslandsmissioun an Amerika, fir sech d’Situatioun op der Grenz mat Mexiko unzekucken.
Eng Woch hunn d’Europaparlamentarier vum Mënscherechtscomité an Amerika verbruecht, fir ze verstoen, wéi mat de Migranten aus Latäinamerika op der amerikanescher Südgrenz ëmgaange gëtt. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler, déi un der Missioun deelgeholl huet, erkläert, firwat sech esouvill Mënschen op de Wee maachen, fir an Amerika ze goen. A verschidde Regiounen ass d’Kriminalitéit esou staark, datt se zu enger Struktur ginn ass. An d’Leit wëlle fort vun dëser Gewalt. Et ass also net just eng ekonomesch Saach.
D’CSV-Politikerin erkläert och, dass vill vun dëse Flüchtlingen a Migranten duerch d’Hell gaange sinn, ier se iwwerhaapt ee Schratt iwwer d’Grenz gemaach hunn. D’Leit ginn do behandelt, wéi eng Wuer, si ginn, wéi d’Drogen, geschmuggelt a musse och nach dofir bezuelen.
De Mënscherechtscomité vum Europaparlament seet sech an engem Pressecommuniqué als Suite vun hirer Visitt immens concernéiert vun de Situatioun vu Leit, déi vun amerikaneschen Grenzautoritéiten festgehale géingen. Hei géife Flüchtlinge wéi Krimineller traitéiert ginn, wat mënschenonwierdeg a géint international Traitéë verstéisst.
D’Isabel Wiseler seet awer och, dass ee mat der aktueller Situatioun an Europa net hätt wéilten dohinner goen, fir sech selwer als moralescher Autoritéit virzeginn.
Et wier och hei un Europa, fir d’Lag un den eegenen Auszegrenzen an de Grëff ze kréien.