[Reportage] Tilly Metz : Mir brauchen eng EU-Strategie fir mental Gesondheet

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 6. Mäerz iwwerdroe ginn.

Eng Grupp vun Députéierten am Europäesche Parlament setzt sech fir eng EU-wäit Strategie fir mental Krankheeten an, dorënner och d’Lëtzebuergerin Tilly Metz. Et bréicht ee Coordinatioun ze Bréissel fir besser mat deem Problem ëmzegoen.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz erkläert dass nei Strategien am Beräich vun der Preventioun an der Krankheetsbekämpfung den Débat iwwer d’Kompetenze vun der EU méi grouss gemaach huet. Patientevertriedungen am Beräich mental Gesondheet fille sech vernoléissegt.

Mat der Koalitioun fir “Mental Health and Wellbeing”, also der geeschtler Gesondheet an dem Wuelbefannen, wëllen Europadeputéiert d’Europäesch Kommissioun iwwerzeegen fir eng EU-Strategie op dësem Sujet auszeschaffen. Déi Gréng Europadeputéiert seet dass d’EU am Gesondheetsberäich oft ënnerschat gëtt.

Oft ginn esou Strategien ausgeschafft well et ze grouss Ënnerscheeder tëschent de Membersstaate ginn. Dat wier hei net de Fall, esou d’Tilly Metz. An all de Membersstaaten géif et nach vill Defiziter ginn, souwuel am Beräich vun der Behandlungen wéi och an der Bekämpfung vum Stigma.

Elo bleift ze gesinn op d’Europäesch Kommissioun sech dëser Tâche unhëllt.

 

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s