Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 7. Feburar iwwerdroen.
USO: De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass viru kuerzem Rapporteur am Europaparlament fir den Handelsaccord zwëschent der Europäescher Unioun a Groussbritannien ginn. De Bill Wirtz huet mat him zu Bréissel iwwer d’Erausfuederungen vun dësem Projet geschwat.
Bis Enn dës Joer mussen d’Europäesch Unioun a Groussbritannien een Ofkommes hunn wat definéiert wéi et mam Handel no der Transitiounsphase weider geet. De britesche Premierminister Boris Johnson huet kloer gestallt dass et iwwer den 31. Dezember 2020 keng Verlängerunge wäert ginn.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen krut mam Job vum Rapporteur ee wichtege Posten am Europaparlament. Hien erkläert wat déi rout Linnen fir d’Europaparlament sinn.
Op d’Fro wéi d’EU sech an dëse Verhandlungen duerchsetze kann, seet den CSV-Politiker dass et verschidden Moyen’ë géifen.
Dass de Boris Johnson effektiv keng Verlängerung géif zouloossen wier ee reelle Risk, mat deem ee misst schaffen. Eng Rëtsch Handelsfroen sinn an der EU “compétence partagée”, dat heescht dass déi national Parlamenter och mussen zoustëmmen. Dat hat sech am Fall vum CETA-Accord mat Kanada als komplizéiert bewisen. Bei der “compétence unique” musse just d’Europaparlament an den Europäesche Conseil, also d’Staats- a Regierungschefen, décidéieren.
Elo waard d’Europaparlament op ee Mandat vun de Membersstaaten, déi och mussen hieren Accord fir eng gezilte Negociatioun ginn.