Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 6. November iwwerdroe ginn.
Den Handelssträit zwëschen den USA an der Europäescher Unioun gëtt momentan intensiv iwwer d’Entreprisen Boeing an Airbus gefourt. Béid Säiten si bereed Strofzëll ze erhéigen, mat kengem direkte Kompromëss en vue.
D’leschte Mount huet d’Administratioun vum Donald Trump sech dozou décidéiert fir Zoll op Gidder aus Europa am Wäert vun 6,7 Milliarden Euro ze erhiewen. Dës Zëll sinn d’amerikanesch Äntwert op eng Handelsgerichtsaffär déi sech zënter 15 Joer zitt, an an där Boeing an Airbus betraff sinn.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen, Member vum Comité fir internationalen Handel, erkläert de Fall an d’Reaktioun aus Amerika. D’EU hätt Airbus illegal Subside ginn, wourips hinn den Donald Trump virun allem europäesch Landwirtschaftsgidder géing bestrofen. Dobäi géing hie virun allem probéieren fir EU-Membersstaaten géinteneen auszespillen.
Den Donald Trump géing d’Rechnung allerdéngs ouni de Wiert maachen, well seng Mesuren op seng eege Produzente géinge zréckfaalen, sou den CSV-Politiker. Dat kéint dem amerikanesche Präsident kuerz virun de nächste Wahlen eng deier ginn.
Et wier och wichteg ze wëssen dass Europa an d’USA net déi eenzeg Fligerconstructeuren op der Welt wieren: Och Russland a China géinge matmëschen. Een Handelskrich géing éischter Moskau a Peking Hëllefen, wéi iergendenger Industrie an Europa oder Nordamerika.
Nächst Indicen wéi d’Europäesch Unioun an der Affär Boeing-Airbus reagéiere kann, kommen dann no enger Uertdeel vun der Welthandelsorganisatioun dat d’nächst Joer erwaard gëtt.