[Reportage] Keng Re-Autorisatioun vum Chromtrioxid

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 6. November iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

D’Substanz ass kriibserreegend a gëtt zum Beispill an Holzschutzmëttele benotzt.

Et war een immens knappe Vott am Europaparlament. D’Europäesch Kommissioun hat proposéiert, dass de Chromtrioxid soll weider erlaabt bleiwen, mä d’Parlament zu Stroossbuerg huet mat 301 Stëmmen dofir, 295 Nee-Stëmmen, a 45 Enthalungen decidéiert, eng formell Oppositioun anzeleeën.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz huet fir dës Oppositioun gestëmmt.

Fir déi gréng Europadeputéiert wier och wichteg ze kucken, wéi een Impakt op d’mënschlech Gesondheet géing existéieren a net nëmmen op Alternativen zum Produkt géingen existéieren. Déi aktuell Gesetzgebung schreift fir, dass d’Verlängerung ka blockéiert ginn, wa manner geféierlech Substanze kënnen als Ersatz benotzt ginn.

Fir d’Tilly Metz hätt d’Europäesch Kommissioun hier Aarbecht net richteg gemaach, andeems se net genuch no alternative Produkter gesicht hätt. Si hätt mat Industrielle geschwat, déi elo scho manner problematesch Produkter géingen hierstellen.

Aner Europadeputéiert hate gemengt, dass d’Absence vun alternative Produkter kloer wier an dass ee Verbuet zu Problemer um Marché féiere kann.

Besonnesch bei der Benotzung vun Holzschutzmëttel, an deem Chromtrioxid dran ass, soll ee weider op dee richtege Schutz oppassen. Mond, Aen an Hänn sollen onbedéngt geschützt sinn, ier ee mat dëse Produkter schafft.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s