Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 30. Oktober iwwerdroe ginn. E kann hei nogelauschtert ginn.
D’Westjordanland bleift een ëmstriddent Gebitt am Mëttleren Osten, e Konflikt, deen Auswierkungen op d’Baueren dohannen huet.
70% vun den Awunner am Westjordanland si Baueren. Ugebaut gi Paprika, Figen, Drauwen, Tomaten, an och Tomates-cerises. D’Tomaccio Zort kënnt selwer aus Israel, wéi den Doktor Pini Sarig, ee lokale Landwirtschaftswëssenschaftler, erkläert: “Et sinn elo ongeféier tëscht 15 a 17 Joer hier, dass d’Tomate-cerise an Israel entwéckelt gouf. Vun do aus ass se duerch d’ganz Welt gaangen.”
Ee lokalen Ëmweltproblem ass d’Benotzung an d’Qualitéit vum Waasser:“D’Waasser hei ass e bësse salzeg, also hu mer zwou aner Waasser-Alternativen, déi mir kënne benotzen. Eng dovun ass d’Reewaasser, wat mer d’Joer iwwer a grousse Reservoiren halen a benotzen, an eng aner grouss Source ass de Recyclage vu Waasser aus de grousse Stied.” De Buergermeeschter vum Jordan Valley Council, den David Elhayani, mengt, dass d’Handelsreegele vun der Europäescher Unioun de Bauere géing schueden: “Zënter 2007 ginn eis Produkter vun der Europäescher Unioun boykottéiert. Si soen eis, et géing ëm d’Beschreiwung vun de Produkter goen, well de Boykott jo och gesetzlech net erlaabt ass. Mä ee Label ass eng aner Aart a Weis, fir ze boykottéieren.”
An der Vergaangenheet wier de Bauere proposéiert ginn, fir mussen op hir Produkter drop ze schreiwen: “Dëse Produkt kënnt aus dem Westjordanland, ee vun Israel besaten Territoire”. Dat hätte si net kënnen acceptéieren. Mat Russland géing een dofir méi Handel bedreiwen, och wann do d’Margë fir d’Baueren net grad esou gutt wieren.

Palestinensesch Baueren géife léiwer an de jüddesche Siidlunge schaffen, well d’Paie gesetzlech do méi héich ugesat wieren.
Mënschen, déi Viruerteeler iwwert d’Situatioun an de jüddesche Siidlungen am Westjordanland hätten, sollte sech invitéiert fillen, fir d’Rees ze maachen: “Dir misst heihinner kommen, fir ze verstoen, dass keen d’Palestinenser aus dem Westjordanland verdreiwe wëll. Mir deelen eis dës Regioun, mir schaffen zesummen, mir liewen zesummen. D’Léisung ass, fir d’Politik aus der Saach erauszeloossen.”
Landwirtschaft an der Konfliktzon – et geet ëm méi, wéi just ëm Figen.