[Reportage] Missioun Israel: Jiddesch Siidler an der Westbank

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 31. Oktober iwwerdroe ginn. E kann hei nogelauschtert ginn.

Zënter de 60er Jore gëtt et Siidler aus Israel, déi am Westjordanland hir Existenz opbauen.

Dës Siidlunge suerge reegelméisseg fir Kontroversen, op lokalem an internationale Plang.

Et ass 9 Auer Owes an der israelescher Siidlung Argaman, déi un der Nationalstrooss 90 läit, direkt un der jordanescher Grenz. Hei wunnen 130 Mënschen, déi meescht Baueren, an déi meescht zënter der Grënnung am Joer 1968. Mir drénke Kaffi hannert dem Haus, an e puer vun de Nopere hu Nëss, Hummus, a Wäi matbruecht.

Si erklären, dass et nom Krich an der 60’er ni eng Fro gewiescht wier ob si hei dierfte liewen. Eng vun den Noperen, d’Ditza, mengt, dass mat den Oslo-Accorden an de 90er Joren alles geännert hätt:

Enges Dages huet et geheescht, dass mir hei net sollte liewen, an dass mir eppes geholl hätten, wat eist net wier. Dat stëmmt net, well d’Regierung eis gesot huet, mir sollen heihinner kommen, si hunn eis d’Chance ginn, hei ze liewen.

Den Asher Duek huet an der Vergaangenheet fir déi israelesch Grenzkontroll geschafft. Haut ass hie Bauer an exportéiert Kichekraider. 100% vun senge Wuere ginn an d’Ausland. All Moies telefonéiert hie mat sengen Aarbechter, vill dovu si Palestinenser. Si kommen aus de Gebidder, déi vun de palestinenseschen Autoritéite kontrolléiert ginn. Interviewe gi si keng, aus Angscht virun de Repercussiounen, well si mat Judden zesumme schaffen.

Den Asher erkläert, dass d’Palestinenser besuergt wieren:

Si hunn Angscht, dass Israel d’Westjordanland verléisst. Si wëllen, dass mir bleiwen, a fir si schaffen. Ech weess net, ob ee soe kann, dass mir Frënn sinn, well mir just matenee schaffen.

D’politesch Tensiounen erreechen d’Leit scheinbar just indirekt. Op de Stroosse fuere palestinensesch an israelesch Autoen, mee zesumme liewen, wéi zu Jerusalem, Tel Aviv, oder Haifa, schéngt hei am Westjordanland nach net méiglech ze sinn. D’Ditza, deem säi Numm op Hebräesch fir Freed steet, ass der Zukunft géigeniwwer positiv agestallt:

Ech sinn immens optimistesch. Et wäert alles gutt ausgoen, an an 30 Joer kommt dir mat äre Famillen, a mir sëtzen eis ënnert dëse Bam, dee bis dohinner méi grouss wäert sinn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s