[Reportage] Lëtzebuerger Europadeputéiert virun géint GMOs

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 4. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

Dat heescht awer net, dass dat dann och geschitt, well d’Parlamentarier sinn net déi eenzeg déi ee Wuert matzeschwätzen hunn.

Bis ewell hunn déi Lëtzebuerger Europadeputéiert zu Bréissel sech kohärent géint d’Erlaabnis vu genmanipuléierten Organismen, déi op Franséisch als “OGM” ofgekierzt ginn, ausgeschwat.

De Rôle vum “chief objector” vun hirem parlamentaresche Grupp am Europaparlament ass, fir ze probéieren een negativen Avis ze produzéieren. Wann d’Europaparlament ee negativen Avis ofgëtt, da bleift et allerdéngs just bei engem Avis. D’EU-Memberstaaten hate bis ewell keen Accord um Sujet fonnt, wat bedeit dass dann d’Europäesch Kommissioun decidéiert. Bis ewell huet d’Kommissioun en faveur vu genetesch modifizéierten Organismen decidéiert.

D’Tilly Metz fënnt dat bedenklech, am mengt dass grouss Entreprisen ze vill Afloss hunn. Si géing der Kommissioun allerdéngs keng Korruptioun virwerfen. Et géif mat guddem Glawe gehandelt ginn, mä hirer Meenung no mat net kompletten Informatiounen. Dofir missten elo déi richteg Froe gestallt ginn. Sou misst zum Beispill ënnersicht ginn, wéi eng Effekter genetesch modifizéiert Planzen hunn, wann déi hir eege Pestizide produzéieren.

D’EFSA – d’EU-Agence fir Liewensmëttelsécherheet – géif net zur Conclusioun kommen dass genmanipuléiert Organisme geféierlech fir d’mënschlech Gesondheet sinn, well hier Analysen déi Facteuren net géing mat a Betruecht zéien.

Déi Gréng Europadeputéiert ass dofir weider géint d’Autorisatioun vun OGM-Importer.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s