[Reportage] Pay transparency an der EU

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 5. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

Déi nei EU-Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen huet sech zum Zil gesat, dass Fraen a Männer fir déi selwecht Aarbecht d’selwecht bezuelt ginn. Dat soll iwwert eng sougenannte “Pay transparency” elo Wierklechkeet ginn.

A ville Gesetzgebungen, dorënner och zu Lëtzebuerg, steet antëscht festgeschriwwen, dass gläiche Loun fir gläich Aarbecht soll gëllen, mä un der Ëmsetzung hapert et. De Nicolas Schmit ass Lëtzebuerger Europadeputéierten, a momentan an der Nominéierungsprozedur vun der neier Europäescher Kommissioun. Als Kommissär fir Aarbecht wéilt hien dëse wichtege Sujet op d’Tapéit bréngen. Et kéint net méi sinn, dass Frae fir déi selwecht Aarbecht manner bezuelt kréichen.

Dofir, sou den LSAP-Politiker, misst een den Entreprise genee op d’Fanger kucken. “Pay transparency”, also Transparenz bei de Salairen, géing d’Diskrepanzen offe leeën.

Doduerch dass d’Salairë géingen offegeluecht ginn, kéint de Staat iwwerpréiwen op Fraen a Männer gläich behandelt géingen. Zu Lëtzebuerg wier den Ecart am Moment just bei 10%, mä och dat géing heeschen, dass misst nogebessert ginn.

An deem Prozess sollten d’Sozialpartner och mat dobäi sinn, sou de Nicolas Schmit. Bleift ofzewaarden, wéi frou d’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun domat sinn, fir Entreprisen déi Transparenz opzezwéngen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s