Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 19. September iwwerdroe ginn.
En Dënschden huet d’Plénière vum Europaparlament iwwer d’Christine Lagarde als nei Chefin vun der Europäescher Zentralbank zu Frankfurt décidéiert. Si gouf mat 394 Jo Stëmmen zu 206 Nee-Stëmmen op hiere Posten ernannt. Wéi gestëmmt gouf ass no de Procédure vum Parlament geheim.
E Mëttwoch huet d’Parlament hir Positioun a Saache Brexit confirméiert. D’Parlament seet dass et ouni de contestéierte “Backstop” keen Accord mat Groussbritannie dierft ginn, an eng Extensioun vum Delai iwwer den 31. Oktober eraus sollt ee net ouni gudde Grond zouloossen. Den Text gouf mat 544 Stëmmen géint 126 ofgeseent. All d’Lëtzebuerger Europadeputéierten hunn dofir gestëmmt.
D’Parlament huet och 601-40 dofir gestëmmt dass den Excédent vum Budget vum leschte Joer un d’Membersstaate rembourséiert gëtt. D’Europäesch Unioun haat ënner aneren iwwer Amenden méi Suen era kritt. 614-69 huet d’Parlament och säi feu vert ginn fir €100 Milliounen Euro méi fir den Horizon 2020 an Eramus +, an zu Strosbuerg gouf och 645-18 fir Hëllefe aus dem Europäesche Solidaritéitsfongen gestëmmt. Eisterräich, Italien, a Rumänien, déi 2018 vun heften Iwwerschwemmunge betraff ware, kréien 300 Milliounen Euro. D’Lëtzebuerger Europadeputéierten hate bei all dëse Vote mat Jo gestëmmt.