[Reportage] E puer Länner hunn nei EU-Datebank lancéiert, och Lëtzebuerg

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 24. September iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

D’Kooperatioun a Saache Terrorismusbekämpfung wier néideg an Europa, sot de Kommissär fir Sécherheet Julian King ufanks dës Mounts zu Bréissel. Déi nei Datebank verséchert een automateschen Informatiounsaustausch vun momentanen Enquêten, Poursuites-penallen a Veruerteelungen, fir Terrorismus virzebeugen.

Fir déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabelle Wiseler, déi am Comité fir Aussepolitik an am Ënnercomité fir Mënscherechter sëtzt, ass et onverständlech, dass et dat nach net gëtt. D’Initiativ hätt laang um Dësch geleeën. 2005 schonn hat den Europäesche Conseil eng Decisioun geholl, mä d’Memberstaaten hätte sech virun hirer Responsabilitéit gedréckt. Elo sinn d’Belsch, Holland, Däitschland, Frankräich, Italien, Spuenien an och Lëtzebuerg eleng ob de Wee gaangen, fir de Projet ze realiséieren.

Gehandhaabt gëtt dës Datebank vun Eurojust, eng Agence vun der EU, déi fir Austausch vu juristeschen Informatiounen zoustänneg ass. Doduerch ass d’Isabelle Wiseler och der Meenung, dass d’Biergerrechter respektéiert géingen.

D’Sécherheet, sou d’CSV-Politikerin, wier een Eckpunkt vun der haiteger Politik. Wann d’EU-Bierger sech onsécher fillen, da kéint dat zu Populismus an engem massive Fräiheetsverloscht féieren.

Hier Fuerderung wier dofir och, dass d’Datebank an Zukunft fir all Memberstaaten obligatoresch gëtt an net nëmme fir déi, déi wëllen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s