Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 2. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
All d’EU-Bierger dierfen un den Europawahlen als Kandidat deelhuelen, soulaang en de gesetzlech festgesaten Alter huet. Deen ass awer net an all Land dee selwechten: an deene meeschte Länner ass e bei 18, sou wéi och zu Lëtzebuerg. An der Belsch, Tschechien, oder an Irland muss een 21 Joer hunn, 23 brauch een der a Rumänien, an et muss ee 25 Joer al sinn wann een a Griichenland oder Italien wëll Kandidat sinn. Gewielt gëtt bei dësen Europawahlen vum 23. bis de 26. Mee. Holland wielt schonn den 23., Irland de 24., mee déi meescht Länner wielen de 26. Mee, also um Sonnden.
An der Belsch, Bulgarien, Zypern, Griichenland an zu Lëtzebuerg ass de Vote obligatoresch, och wann dat an der Praxis net ëmmer agehale gëtt. Auslänner wielen meeschtens an den Ambassaden oder per Post, (wann se sech net fir déi lokal Europawahlen ageschriwwen hunn). Am Frankräich, der Belsch, an an Holland kann een eng Vertrauenspersoun schécken fir a senger Plaz ze wielen.