Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass de 7. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
Eng Prozenthürd ass ee vum Gesetz vrgeschriwwenen minimalen Undeel u Stëmmen deen ee brauch fir ee Sëtz am Europaparlament ze kréien. Eng reng technesch Prozenthürd gëtt et jo souwisou och zu Lëtzebuerg, well ee jo eng gewëssen Unzuel vu Stëmme brauch fir de Sprong op Bréissel ze packen, mee verschidde Länner hunn d’Lat méi héich geluecht. A Länner wéi Tschechien, Frankräich, oder och a Polen brauch een op d’mannst 5% vun de Stëmmen. An Italien sinn et de 4%, a Griichenland 3%, an an Zypern 1,8%. Déi meescht EU-Länner hu keng gesetzlech festgesaten Hürd.
Grond fir dës Restriktiounen ass dacks d’Iddi, dass ze kleng Parteien et net sollen ze einfach gemaach kréien. Wéi Däitschland bei de leschten Europawahlen hir Prozenthürd ofgeschaf hat, ware jo gläichzäiteg eng Spaasspartei an d’NPD an d’Europaparlament komm. Géigner halen d’Prozenthürd fir ondemokratesch.