Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 18. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
De President vun der Europäescher Kommissioun ass de Chef vun der legislativer Textausaarbechtung an der Europäescher Unioun. D’Kommissioun ass déi Institutioun déi d’Gesetzgebung ausschafft an dann proposéiert. Am Moment ass jo de Jean-Claude Juncker ob deem Posten. Hien wäert dee Posten no de kommenden Europawahlen allerdéngs net méi besetzen.
De Kommissiounspresident leed d’Sëtzungen vum Rot vun de Kommissären, an hie ass Member vum Europäesche Conseil, vum G7, a representéiert d’EU a bilaterale Gespréicher tëscht der EU an Drëttlänner. Hie contribuéiert och un Debaten am Europäesche Parlament, mat zum Beispill enger Ried zur Lag vun der Unioun all Joer, an un Diskussiounen tëscht dem Europäesche Conseil an den eenzele Memberstaaten. De Kommissiounspresident ass meeschtens dee politesche Posten an der EU mat deem meeschte Erëmerkennungswäert.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!