[REPORTAGE] Steierunanimitéit am Europäesche Conseil: wéi soll Lëtzebuerg sech positionéieren?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 24. Januar ausgestraalt ginn.

D’Europäesch Kommissioun zu Bréissel ass géint d’Vetorecht vun den EU-Membersstaaten a Steierfroen. De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech géint Concessiounen op dësem Sujet ausgeschwat.

An engem Positiounspabeier schreift d’Europäesch Kommissioun dass d’EU sech zënter 26 Joer selwer blockéiert, well d’Membersstaaten bei Steierproposen ee Vetorecht hunn. Länner wéi Frankräich drécke jo bekanterweis op Mesuren wéi eng Digitalsteier op groussen Entreprisen. Dës Steier gëtt zum Beispill vun Irland blockéiert.

De Flavien Tulliez ass Steierexpert a Manager am Beräich Comptabilitéit zu Lëtzebuerg: Hie seet dass de Grand-Duché duerch Steierharmoniséierung leide kéint, mee och dass ganz Europa negativ betraff wier, well de ganze Kontinent schlussendlech manner kompetitiv kéint ginn. De Flavien Tulliez kënnt selwer aus Frankräich a seet dass säi Land sech mat héiche Steiere kee Gefaale géing maachen. Dat géif een um Mouvement vun de “Gilets jaunes” am Moment gesinn.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz mengt dogéint dass een d’Unanimitéit, an domat d’Vetorecht vu Lëtzebuerg misst opginn. Si seet et fir eng Fro vu Fairness: Et wier net an der Rei dass kleng Entreprisen voll Taux’en misste bezuele, während grouss Entreprisen manner bezuele géingen.

Déi Gréng Politikerin mengt och dass een d’Digitalsteier, déi vu Paräis proposéiert gëtt, misst iwwer den Artikel 116 vum Lissabonner Vertrag aféieren.

Den Artikel 116 erlaabt et, Onreegelméissegkeeten am Marché intérieur mat Mesuren ze behiewen. Well Mesuren wéi d’Digitalsteier allerdéngs vun der Komissioun als “Steier” bezeechent gëtt, kéint esou een Ausweichmanöver vum Europäesche Geriicht zu Lëtzebuerg blockéiert ginn.

Secher ass am Moment dass d’Eestëmmegkeetsreegel an der noër Zukunft och weider bestoe bleiwe wäert.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s