Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 17. Januar ausgestraalt ginn.
Déi italienesch Regierungspartei Lega wëll no den Europawahlen am Mee eng Allianz mat der polnescher Regierungspartei PiS agoen. Falls dës zwou Kräften nach aner Parteien mat an eng Kooperatioun eran huele, kéint esou ee konservative Grupp d’Europaparlament fundemental changéieren.
Eng nei Axe: Esou nennt den italieneschen Innenminister Matteo Salvini d’Allianz zwëschen der Lega an der polnescher PiS. Eng italienesch-polnesch Axe déi géint eng franséisch-däitsch Axe déi d’Europäesch Unioun kontrolléiert soll virgoen. D’Zil ass net fir d’EU ze verloossen, mee fir d’Politik zu Bréissel vu Grond op ze changéieren.
De Vincent Delhomme, Politikanalyst fir de franséischen Think Tank “Generation Libre” erklärt firwat den Exit keng Optioun ass fir dës Parteien. De Brexit géing weisen dass aus der EU eraustrieden eng schwiereg Operatioun wier. Et géing een dowéinst an Zukunft wahrscheinlech manner Austrëttsparteie gesinn, mee dofir méi Parteien déi d’EU vu banne changéiere wëllen.
Déi zwou Parteien wäerten dofir versichen fir d’EU no engem konservativ-kathouleschen Weltbild ze gestalten. Allerdéngs géifen de Matteo Salvini an de Jarosław Kaczyński schnell op Widderspréch stoussen. Bei Sujet’en wéi Immigratioun, oder och bei hierer Proximitéit zu Russland, wieren déi zwee sech net eenz.
Et wier och onwahrscheinlech dass d’Marine Le Pen an hiere Rassemblement national esou enger Allianz géinge bäitrieden.
De Vincent Delhomme seet dass et ee Feeler wier ze soen dass een entweder fir d’Reformen vum Emmanuel Macron wier oder eben géint d’Europäesch Unioun. Aus der Siicht vun engem dee fir d’Europäesch Unioun ass, wier dat nämlech just Uelech an d’Feier gegoss.
Ob sech d’Allianz zwëschen der Lega an der polnescher PiS schlussendlech konkretiséiere wäert, ass nach net gewosst.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!