Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 24. Januar ausgestraalt ginn.
D’Europäescht Parlament zu Bréissel verlaangt eng Reform vun der Autorisatiouns-Prozedur fir Pestiziden. D’Parlamentarier halen den aktuelle Prozess fir intransparent.
No der Kontrovers ronderem den Herbizid Glyphosat an den Autorisatiounsprozess vun dësem Wierkstoff, hat d’Europäescht Parlament eng Spezialkomissioun aberuff. Dës sougennant PEST-Komissioun fuedert dass Studien iwwer d’Wierkstoffer ëffentlech gemaach ginn, an dass d’Membersstaaten am Europäesche Conseil offe leeën wéi si ofstëmmen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen seet dass och Laangzäit-Effekter solle kontrolléiert ginn, fir no weideren Etuden ëmmer nees ze kontrolléieren op et keng Laangzäitfolgen ginn.
De Glyphosat gëtt vun der amerikanescher Agro-Chemie Entreprise Monsanto produzéiert, déi zënterhir vum däitsche Pharmakonzern Bayer opkaaft gouf. De Glyphosat koum an d’Kritik no enger Etude vum der Agence fir Kriibsfuerschung vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO, an deem de Wierkstoff als “potenziell kriibserreegend” beschriwwe gouf. De Christophe Hansen preziséiert awer dass dat just a grousse Quantitéiten de Fall wier. Am Beispill vum Béier misst een 1000 Liter Béier den Dag drénken, ier een ee Risiko hätt.
De Sujet wier heiansto ze politiséiert, mengt den CSV-Politiker. Et misst een der wëssenschaftlecher Method trei bleiwen.
Et wier besser ze kucken op de Produkt um Terrain géing richteg ugewennt ginn, sou de Christophe Hansen.
Säit d’Monsanto-Patent um Glyphosat ofgelaaf ass, ginn et verschidden Entreprisen, déi ähnlech Produkter wéi de RoundUp vu Monsanto hirstellen. Déi Lëtzebuerger Regierung hat sech 2017 géint eng Re-autorisatioun vum Glyphosat am Europäesche Conseil agesat.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!