[REPORTAGE] EU féiert Zoll op Räis aus Kambodscha a Myanmar an

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 23. Januar ausgestraalt ginn.

D’Europäesche Kommissioun huet décidéirt fir Zoll op Räis aus dem Kambodscha an dem Myanmar anzeféiert, fir Produzenten an Europa viru Konkurrenz ze schützen. De Räis am Supermarché kann doduerch méi deier ginn, bestätegt den Europadeputéierten Christophe Hansen.

Am Europäesche Conseil hate sech Länner déi an Europa Räis produzéieren, dorënner virun allem Italien, mee och Frankräich, Portugal, oder Spunien, dofir staark gemaach dass Räis aus dem Kambodscha an dem Mynmar, deenen hir Räisimporter an Europa an deene leschte Joeren staark an d’Luucht gaange sinn, extra besteiert ginn.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass Member vum Comité fir internationalen Handel vum Europaparlament. Hie seet dass et wier eng Schutzmoossnahm, fir europäesch Baueren vun auslännescher Konkurrenz ze schützen.

Den CSV-Politiker gëtt zou dass dës Handelsmesuren vu Bréissel de Präiss vum Räis am Supermarché kënnen erop setzen. Importéierte Räis aus deene Länner gëtt duerch den Zoll méi deier, mee och lokal europäesch Produzenten kéinte sech duerch ee Mangtum u Konkurrenz dozou motivéiert fillen fir de Präiss nees erop ze setzen.

Myanmar a Kambodscha profitéieren am Moment vum “Everything But Arms”: Een Accord deen Entwécklungslänner d’Méiglechkeet gëtt fir Landwirtschafts- an Industriegidder zollfräi ze exportéieren. Aus engem Bléckwénckel vun Entwécklungspoltitik versteet de Christophe Hansen dass d’Décisioun net evident ass. 

De Problem wier dass de Räis aus deenen zwee Länner net fair gehandelt géing ginn. Anescht hätte mir, sou de Christophe Hansen, nämlech eng aner Diskussioun.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s