[REPORTAGE] EU féiert Zoll op Räis aus Kambodscha a Myanmar an

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 23. Januar ausgestraalt ginn. D’Europäesche Kommissioun huet décidéirt fir Zoll op Räis aus dem Kambodscha an dem Myanmar anzeféiert, fir Produzenten an Europa viru Konkurrenz ze schützen. De Räis am Supermarché kann doduerch méi deier ginn, bestätegt den Europadeputéierten Christophe Hansen.