[Tëscheruff] Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?

Dësen Tëscheruff gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 3. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)

USO: D’Gilets jaunes hunn am Frankräich an an der Belsch fir vill d’Zerstéierung gesuergt, a gläichzäiteg eng wichteg Diskussioun iwwer de Niveau vun de Steieren ausgeléist. Een Tëscheruff vum Bill Wirtz.

Polizisten attackéiert, Autoen a Brand gestach, Stad paralyséiert: d’Gilets jaunes hunn zu Paräis deene Leschten Deeg hier Welle geschloen. Net nëmmen déi Franséisch Haaptstad ass betraff, och am Rescht vum Hexagone an an der Belsch huuet een Eskalatioune bei den Demonstratioune gesinn. Et geschitt reegelméisseg dass et zu Ausschreidunge kënnt well Casseuren sech ënner friddlech Demonstrante mëschen: Dat deligitiméiert ni d’Demonstratioun u sech, egal fir wat se asteet. D’Casseuren musse bestroft ginn oder de Schued ersetzen, an den Demonstrante muss nogelauschtert ginn. D’Gilets jaunes musse ganz kloer sinn: Et ass net eis Politikstrategie fir onschëllege Leit hir Autoen a Brand ze stiechen.

Sinn d’Suerge legitim? Natierlech sinn se dat. Jee nodeem wou een am Frankräich hi geet kascht de 95er Bensin bis zu 1,90 Euro. Dat ass fir Leit déi et sech net leeschte kënnen an der Proximitéit vun de Stied oder vun engem Zuch ze wunnen, déi jo och iwwerfëllt sinn, ee richtege Problem. “Den ëffentlechen Transport verbesseren” ass och keng Äntwert déi duer geet, besonnesch net a Länner mat dausenden vu klengen Uertschaften, wou dann d’Investissementer a Milliounenhéicht wieren a Joerzengten dauere géifen. Villäicht verschwënnt den Auto jo och eng kéier, mee fir Leit mat engem niddregen Akommes ass de Problem HAUT do.

D’Demonstranten hu Recht dass d’Steieren an der Belsch an am Frankräich allgemeng ze héich sinn, mee d’Fro ass ob si gewëllt sinn déi logesch Konsequenzen aus hirem Denken ze zéien. Et kann een d’Steieren dann erof setzen wann ee gewëllt ass och iergendwou d’Ausgabe erof ze setzen. An nee, 15 Ministerpaien ze kierzen oder nach eng Super-duper-Räichesteier aféieren geet do net duer, egal wéi oft een d’Zuelen dréit a kéiert. An a Länner déi esou verschëld sinn wéi eis zwee franséischsproocheg Nopeschlänner, ass weider Pret’en ophuelen sozial ongerecht.

Wann d’Diskussioun konstruktiv an éierlech wëll sinn, da mussen d’Demonstranten, déi hir Iwwerzeegungen mass Passioun an Eierlechkeet ausdrécken, sech agestoen dass ee System an deem all Joer méi Geld ausgi gëtt, net durabel ass.

Anescht komme mer nämlech op kee gréngen… oder giele… Nenner.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s