Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 30. November ausgestraalt ginn.
D’Digitaliséierung ass ee grousse Sujet an der Europäescher Unioun, a si beschreift am Moment ganz visibel den ekonomesche Succès vu ville Länner, dorënner och Lëtzebuerg.
De Politikanalyst Philipp Lamprecht vun ECIPE, dem European Center for International Political Economy, engem Think Tank zu Bréissel, schwätzt a senger Recherche vun “digital convergers”, “digital managerialists”, an “digital frontrunners”. Déi éisch Kategorie wiere Länner déi méi skeptesch bei der Digitalséierung sinn, dorënner och Däitschland.
Verschidden Industrien a Leit an der Zivilgesellschaft gesinn Digitaliséierung als Konkurrenz, a sinn odfir méi skeptesch.
Vill Länner, dobäi ganz besonnesch Länner an Zentraleuropa, wéi Ungarn, Polen oder Tschechien mengen si kéinten am Digitalsecteur selwer näischt erreechen. Doduerch géif et dann un der néideger Kompetenz an Infrastruktur feelen.
Lëtzebuerg dogéint géif zu enge vun de Länner gehéieren déi op dësem Dossier vill Progrès gemaach hunn, a souguer Virreider sinn.
Ee wichtege Facteur wir och digital Bürokratie, also de sougenannten “E-government”, wéi en zu Lëtzebuerg schon als guichet.lu existéiert. Wann een d’Bevëlkerung méi digitial maache wéilt, da géing dat dazou gehéieren.
Digitaliséierung wier ee Prozess deen andauern viru geet. Lëtzebuerg kéint sech also net op existéieren Resultater ausrouen.