[REPORTAGE] Christophe Hansen wëll EU-Adhésiounsfongen un Tierkei kappen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 8. Oktober ausgestraalt ginn.

D’Europäesch Unioun wëll d’EU-Adhésiounsfongen fir d’Tierkei kierzen, nodeems d’Land a Saachen Biergerrechter ee Schrëtt zréck gemaach huet. D’Fuederung zitt sech säit iwwert engem Joer duerch Parlament a Conseil, an ass grondsätzlech keng Iwwerraschung. D’Tierkei huet sech duerch d’Aspären vu Journalisten a duerch Restriktioune beim Versammlungsrecht ee schlechte Numm zu Bréissel an an der Welt gemaach. Amnesty International schwätzt an engem Rapport esou guer vu Fäll vu Folter.

Dofir wëll d’EU elo op finanztechneschem Plang usätzen. Den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen erkläert dass d’Adhésiounsfongen fir Länner gëlle sollen déi och wierklech Kandidaten kënne sinn fir d’EU. Dat wier bei der Tierkei am moment net de Fall.

Adhésiounsfongen gi benotzt fir Infrastrukturprojet’en wéi Stroossen- oder Elekrtrizitéitnetwierker ze finanzéieren, mee och fir der Zivilgesellschaft ënnert d’Äerm ze gräifen.

Den CSV-Europadeputéierten gesäit Handels- an Immigratiounsdiskussiounen duerch dës Décisioun net a Gefor. Wann d’Tierkei erem wéilt op hir aal Positioun zreckkommen, da misst si Effort’ë virweisen. D’Tierkei war tëschent 2016 an dësem Joer am Ausnahmezoustand, a misst elo kloer virweisen dass d’Land sech och gebessert hätt, ier nei Negotiatioune kéinten opgeholl ginn.

Eng Positioun déi op alle Fall schonn Opmierksamkeet ereegt huet : De Christophe Hansen ass deemnächst vun der tierkescher Ambassade op eng Entrevue invitéiert.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s