Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 8. Mäerz ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO] : Den amerikanesche Präsident Donald Trump huet d’lescht Woch ugekënnegt dass hie Steieren op Stool- an Aluminiumimporter erhiewe well, fir seng lokal Industrie ze verdeedegen. D’Europäsch Unioun huet dorop reagéiert. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
25 Prozent op Stool an 10 Prozent op Aluminium : Dat ass den Zoll deen den Donald Trump op Importer erhiewe wëll. Kanada an Europa, déi zwee gréissten Stoolexporteuren an Amerika, sinn domat am meeschte Betraff. Als Reaktioun wëll d’Europäesch Kommissioun hiren eegenen Zoll erhiewen.
Geschter huet d’Handelskomissairin Cecilia Malmström eng méi laang Lëscht mat Gidder annoncéiert déi betraff wäerte sinn, dorënner och Orangejus an Tshirten. Si behaapt dass d’EU virun der internationaler Handelsorganisatioun WTO kloe wëll. Fir de Lëtzebuerger Europaparlamentarier Charel Goerens ass d’Reaktioun vum Jean-Claude Juncker legitim.
De Charel Goerens hofft vu senger Säit aus dass d’Mesuren vum Donald Trump an Amerika op méi Kritik stousse wäert.
Den Donald Trump selwer wëll op d’Steieren vun der EU mat engem neien Zoll op europäeschen Autoë reagéieren. Et schéngt wéi wann zwëschen Bréissel a Washington ee sou genanntenen Handelskrich net ze vermeiden ass.