Burkaverbuet ass Fräiheetsverbuet

Esou e Gesetz iwwer e Vermummungsverbuet gëtt et hei am Land nach keent, als Oppositioun géing d’CSV d’Regierung awer drop hiweisen, dass hei misst fir Kloerheet gesuergt ginn, erkläert de Marc Spautz. Do géif een net méi dolaanscht kommen.”, heescht et op rtl.lu, an en effet schéngt d’CSV fir ee Verbuet vun der Burka zu Lëtzebuerg ze sinn, nom franséische Modell. Vu d’Raritéit vun dëser Kleedung am Land ass d’Reaktioun vum Marc Spautz reng populistesch. Firwat d’Burka dierfen ze droe wichteg ass erkläert sech a verschiddene Punkten.

 Dësen Artikel lauschteren

#1 D’Argument vun der Integratioun

Wien heihinner kënnt soll sech de lokale sozialen Normen ënnerwerfen. Dat misste mir dohannen och.

Net all Immigranten déi “censéiert wieren am Fall ze sinn eng Burka ze droen” kommen aus deem selwechte Land. En effet weist den RTL-Artikel richegerweis drop hinn dass:

Fakt ass och, fir dat direkt kloerzestellen, dass och a Syrien e komplett Vermumme verbueden ass, an deemno d’Mënsche vun do hei am Land net op eemol wäerte Burkaen droen.

Mee wa mir giffen der Simplicitéit’s Wëllen unhuelen dass et de Fall wier dass all eis muslimesch Immigranten aus deem selwechte Land kéimen, wat sinn eis sozial Normen deenen ee muss follegen? Mat Messer a Forchette iessen ass eng zimlech verbreete sozial Norm, an awer sidd dir net verflicht esou z’iessen. Fir de Gesetzgiewer spillen äer Iessensgewunnechte keng Roll (bis op honnerte vu Reguléierunge vu Gesondheetsstandard’en, mee dat wier elo eng aner Fro). Wéi d’sozial Norm bei eisem Kleedungsstil ass, ass schwéier ze soen, d’Moud ännert, an net firtéischt reegen sech di eeler Generatiounen iwwer d’aufgefale Goût’en vun deene Jonke op. Kleedungsstil heescht Diversitéit: Wat een undeet ass den eegene Choix.

364542_pic_970x641

#2 D’Argument vum Respekt

Wann ech engem net an d’A kucke ka wann ech mat em schwätzen, dann ass dat zimlech respektlos.

Dat gesinn ech och esou, mee dat gëllt genee esou fir all Situatioun wou een dat huet. Glécklecherweis huet een dofir de Choix sech säin Entourage eraus ze sichen. D’Fro stellt sech jo firwat dir mat där Persoun wëllt schwätze wann hier Attitude iech komplett géint de Stréch geet. Dat ass deen Deel deen ‘erwuesse ginn’ ka genannt ginn: sech mat sengem Entourage ausernee setzen a verhaalenstechnesch Choix’en treffen.

#3 D’Argument vun der Sécherheet

Vermummt sinn ass ee Sécherheetsrisiko, stell der emol fir wann een esou an eng Bank era leeft. Dat dierf ech och net!

Dat dierf iwwerhaapt keen. A falls d’Bank der Madame mat der Burka dat erlaabt dann ass et ee Sécherheetsrisiko deen d’Bank sech selwer schaaft. Hei läit och de fundamentale Punkt an dëser Saach: Et geet hei am Eegentumsrechter. Op der Voie publique soll ee sech kënnen undoe wéi ee wëll, mee eng Bank ass keng Voie publique. D’Bank huet ee Besëtzer, an dee ka Reegele festsetze wéi een dierf erakommen a wéi net.

1017426_10151930476952358_1230425807_n

“D’Fräiheet sech ze vermummen”, Aktioun vun de Junge Liberale an Éisterräich (Source)

Och wann d’Behaaptung net opgestallt gëtt schéngt et heiansdo néideg ze sinn drop hinzeweisen dass net jiddereen deen eng Burka un huet kriminell ass.  Eng Kappbedeckung ze notze fir Crimen ze begoen ass kee neit Konzept, mee mir mussen eis froen op mir wëllen dass mir eis vum Staat an all Täsch, ënner all Mask oder Motorradshelm kucken loosse fir eis ee falscht Gefill vu Secherheet ze ginn.

#4 D’Argument vum Zwang

All déi Frae gi jo gezwongen d’Burka unzedinn!

100392094_3cd0faeb04_o

Mat dësem Argument kenne mer keng Gesetzgiewung bedreiwen, ganz einfach well mer et net wëssen. Et ginn déi déi aus fräiwëllege Grënn, dorënner reliéisen, sech dozou decidéieren. Et ginn déi déi duerch den Drock vu sozialen Normen sech dozou verflicht fillen et ze maachen (an deene Verflichtungen si mir an aneren Aspekter ganz staark, an net zu eisem Virdeel). Et ginn déi déi vun engem gewalttätege Partner dozou gezwonge ginn. Wéi zwëschen dee Kategorien de prozentualen Undeel läit wësse mir net an ass och net eraus ze fannen. Dat heescht souguer wa mir reng pessimistesch wieren, misste mir de Benefice vum Doute loossen.

Präventiv Mesuren huelen heescht d’Fräiheet aschränken. Jo, d’Burka ass een antiquéiert Stéck Stoff wat dofir benotzt gëtt engem genee sou antiquéierten a prudem Gesellschaftsmodell gerecht ze ginn. Mee dat ass genee den Ënnerscheed zwëschen enger fräier Gesellschaft an där déi et opzwéngt. Eng fräi Gesellschaft wëll verstoen, akzeptéiert a verännert duerch Argumenter.


Dësen Artikel inspiréiert sech u mengem englesch-sproochegem Artikel Should we ban the Burqa?

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

3 Responses

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s