De Réckbléck vun der Woch [25/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Findel: Keng Renovatioun bis 2019

Wéi de Paperjam um Méindeg schreift, wäert d’Renovatioun vun der Pist um Fluchhafe Findel net Enn dëst Joer, mee eréischt 2019 stattfannen.

“Car si le projet initial prévoyait «une rénovation complète» du tarmac, pour une enveloppe estimée entre 50 et 80 millions d’euros, les ambitions du ministère du Développement durable et des Infrastructures se sont peu à peu développées. Annoncés en septembre 2016 pour être compris «entre 80 et 100 millions d’euros», les travaux devraient finalement peser quelque 200 millions, selon les dernières estimations avancées.”

Schulz nees um Thema “Steierparadäiser”

Dem Martin Schulz seng Campagne kann net immens gutt lafen. Wéi d’Lëtzebuerger Wort um Méinden mellt huet den SPD-Spëtzekandidat de Grand-Duché als “joerzéngtelaangt Steierparadäis” bezeechent.

“Im Interview mit der Frankfurter Allgemeinen Sonntagszeitung (FAS) äußerte er sich auch über den früheren Premierminister des Großherzogtums: „Juncker ist tatsächlich ein feiner Kerl – mit Ausnahme dessen, dass er 19 Jahre Ministerpräsident eines Steuerparadieses war. Das habe ich ihm mehr als einmal um die Ohren gehauen.”

D’CFL dréit den Ausgabekrunn op

Um Dënschden mellt d’Wort dann dass zwëschen 2013 an 2023 insgesamt 3,8 Milliarden Euro (oder och een Duerchschnëttsloyer während 2,3 Millioune Joer) an CFL Infrastrukturen investéiert ginn.

“Die rund 20 aktuellen CFL-Infrastrukturvorhaben, die vom Parlament bewilligt wurden, überschreiten die vorgesehenen Budgets nicht. Eine Ausnahme bildet lediglich die Modernisierung der Bahnlinie Luxemburg-Kleinbettingen. Die Arbeiten gestalten sich schwieriger als gedacht.”

Häuslech Gewalt zounehmend ee Fraeproblem

Een Drëttel vun de Fäll vun häuslecher Gewalt déi der Police virleien, geet vu Fraen aus. Dat schreift um Dënschden d’Tageblatt. 789 Fäll sinn der Police am leschte bekannt gewiescht, deemno iwwer 250 mol wou d’Gewalt vu Fraen ausgaangen. Problematesch ass hei virun allem dass dëse Phenomen gesellschaftlech net unerkannt ass.

“Die Chancengleichheitsministerin Lydia Mutsch (LSAP) wies am Dienstag bei der Vorstellung des jährlichen Berichtes darauf hin, dass diese Zahlen mit Vorsicht zu genießen sind: Bei häuslicher Gewalt gibt es wahrscheinlich eine hohe Dunkelziffer, weil viele Opfer sich nicht trauen, zur Polizei zu gehen.”

Reliousproffe wëlle keng Aarbechtsverschlechteren

Wéi den RTL um Mëttwoch schreift, maachen sech d’Reliounsproffen duerch de Wiessel bei de Coursen an der Ecole primaire Suergen ëm hier Paien an Aarbechtskonditiounen.

“Fir d’Reliounsenseignante bleift nach vill Ongewëssheet, huet sech e Mëttwoch de Moien den LCGB opgereegt. Eng 200 Enseignante gëtt et aktuell. 40 gi vum Bistum iwwerholl  an eng 130 wäerte bei de Staat wiesselen.”

Do ass jo da bal eng göttlich Interventioun néideg.

Wunnengspräisser klamme virun

D’Lëtzebuerger Wunnengspräisser schéisse weider duerch de Plafong. Dat schreift um Mëttwoch de Quotidien. Am Joer 2014 war d’Hausse 4,4%, 2015 war se 5,4%, an d’lescht Joer 6%, sou de Statec.

immo

De Quotidien schreift weider:

“Cela signifie qu’un appartement acheté 250 000 euros en 2013 vaut aujourd’hui autour de 300 000 euros, en moyenne ! Une maison acquise pour 500 000 euros fin 2015 valait déjà près de 550 000 euros fin 2016…

Ce sont les biens existants qui observent la plus forte inflation : +7,4% pour les appartements et + 9,1% pour les maisons au dernier trimestre 2016 par rapport au dernier trimestre 2015 (contre +6,3% pour les appartements en construction).”

Luxembourg for Culture

Wéi de Paperjam um Donneschden mellt kommen d’Kultur-Assisen zu hirer Conclusioun. Momentan maachen Expert’en een Etat des lieux vun der Kultur-Szen am Grand-Duché – Conclusiounen déi am Juli 2018 zu hirem Enn komme sollen.

“La promotion des artistes à l’étranger est une des préoccupations récurrentes. Les réponses apportées dans les différents pays européens sont très diverses et Luxembourg devra choisir son propre modèle. Un «Luxembourg for Culture» (copiant les Luxembourg for Finance, Business ou Tourism) est à l’étude comme «bureau de promotion nationale et internationale unique, en relation avec les efforts entrepris dans les domaines économiques et touristiques».”

Den OGBL seet, uhmm… dat selwescht?

Um Donneschden dann hat de Radio 100,7 de President vum OGBL op der Antenn fir iwwer d’Sozialpolitik vun der Regierung ze schwätzen.

“Den OGBL fuerdert awer nach weider sozial Entlaaschtungen. Zum Beispill, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent erhéicht gëtt.”

Waart emol, dat do kënnt mir iergendwéi bekannt fir… Iergendwéi kléngt dat wéi den Artikel vum 30. Mee mam Jean-Claude Reding (OGBL), President vun der Chambre des Salariés. An deem stoung:

“Et wär awer nach ze fréi fir anzeschätzen op d’Inegalitéiten doduerch laangfristeg méi kléng ginn. Fir dat ze garantéieren, missten nach weider Mesuren geholl ginn seet de Jean-Claude Reding: “Mir sinn der Meenung, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent misst eropgesat ginn, fir op e Niveau ze kommen, wou een net méi aarm ass wann ee schafft.”

pjimage

Tjo… all the same.

Zum Sujet: Kritik um Mindestloun dierf keen Tabu sinn

HOP! hoppt net méi op Lyon

Wéi den Essentiel um Freiden mellt ass d’Linn vun der AirFrance-affiliéierter Low-cost Airline HOP! gestrach ginn, an dat obwuel 23000 Leit dëse Fluch zwësche Februar a September 2016 geholl haten. Dës Decisioun huet wahrscheinlech domat ze dinn dass d’Low-cost Airline EasyJet ab Juni elo och vu Lëtzebuerg op Lyon flitt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s