D’Regierung spréngt mam Burkaverbuet am Seel vun der CSV

D’Regierung huet sech dozou decidéiert wéinst enger Recommandatioun vum Staatsrot déi ganz Burkaverbuet-Polemik nees opzerullen. Et steet hier net gutt zu Gesiicht.

Wien den CSV-Deputéierten a fréiere Chamber-President Laurent Mosar op Twitter verfollegt, dee kritt gréisstendeels just zwou Saachen: Deeglech Zitater an d’Demande no engem Burkaverbuet. An och wann ech dem Här Mosar a kenger Aart a Weis Recht ginn an deem wat e seet, sou ass hie mat senger Positioun opmannst méi kohärent gewiescht wéi d’Regierung. Hien hat schonn am November 2015 iwwer d’CSV-Fraktioun no esou engem Vermummungsverbuet gefrot wouropshin d’Regierung kloer reagéiert hat.

Den 11. November 2015 schreift d’Tageblatt:

“Hintergrund ist eine parlamentarische Frage von Laurent Mosar und Gilles Roth an Justizminister Felix Braz (“déi gréng”). Beide wollten wissen, wie es um ein Verbot steht. Die Antwort von Braz fällt knapp aus: In Luxemburg wird es auch in Zukunft kein entsprechendes Gesetz geben.”

No den Attentater zu Paräis hat de Premierminister Xavier Bettel et nach méi kloer gemaach, sou schreift den RTL de 25. November 2015:

“Et geet och ëm Zesummeliewen, sou de Premier: Et gëtt kee Burkasgesetz gebraucht. D’Gemenge sollen dat kënnen reglementéieren. Op en Neits gouf gesot, datt ee keen Amalgam soll maachen, wat d’Flüchtlingen ugeet.”

Elo huet d’Regierungen eng 180-Grad Kéier gemaach a behaapt dass d’Recommandatioun vum Staatsrot fir keng Reegelung iwwer d’Gemengen ze fanne, mee et landeswäit ze maachen, elo ee Gesetz fir ee Verbuet verlaangt. Op de soziale Medie sinn d’Stëmme vu verschiddene Regierungsmembere ganz streng, grad wéi wann si elo scho jorelaang der Meenung wieren dass d’Burka eng Ënnerdréckung vun der Fra wier. De Nicolas Schmit, eng Persoun déi weder jee eppes an enger Regierung verluer hat nach an iergendenger Weis do nach higehéiert, léisst seng deguelasse Arroganz géigeniwwer de Jugendparteien (déi sech géint ee Verbuet ausgeschwat hunn) aus, a schreift si wieren “jonk a naiv”. Staark Stëmme fir ee Revirement dee just eng Woch gebraucht huet.

Der Shura no waren et 2015 nach 16 Fraen déi vollverschleiert sinn, dem Quotidien no sinn der haut “an di zwanzeg”. En vue vun dësem absolut minoritäre Phenomen mierkt een dass DP, LSAP an déi Gréng elo fir d’Gemengewahlen 2017 scho fréie Wahlkampf bedreiwen, an d’Regierung dofir fir d’CSV-Angschtmaacherei am Seel spréngt.

Ech hu selwer am Oktober 2015 an engem Artikel all d’Argumenter fir ee Burkaverbuet ausernee geholl a gewise firwat et eng ganz schlecht Léisung ass. Net nëmme soll an engem Rechtsstaat jiddereen d’Fräiheet hunn sech unzedoe wéi ee wëll, mee ee Vermummungsverbuet dréit de ganz klore Risiko dass ënnerdréckte Frae guer net méi d’Haus verloossen (dierfen), an dass mir eis zu Lëtzebuerg gefale loosse mussen dass de Le Monde an Zukunft eng Foto weist op där eis Police an der Groussgaass eng Fra an enger Burka zwéngt se auszedoen. Och wann et immens vill Grënn ginn d’Burka net gutt ze fannen, sou ass ee Gesetz déi komplett falsch Léisung fir dëse Problem.

8120268609_472ac547d6_k

Der Regierung steet hire Revirement schlecht zu Gesiicht: Et ass weder eng kohärent Politik, besonnesch net well et just fir Wahlzwecker polemiséiert gëtt. Als Ofschloss géif et hier guttdoen dem Xavier Bettel nozelauschteren, also… dem vum leschten Dezember:

“Politischen Profit aus dem Unglück anderer Menschen ziehen, ist keine Politik. Populismus gehört nicht zu dem, was ich in meinem Spektrum als Politik sehe. Es ist auch immer gefährlich, wenn traditionelle Parteien versuchen, populistischen Bewegungen nachzueifern.”


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s