De Réckbléck vun der Woch [20/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech un enger Konferenz zu Lyon deelhuelen. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Geheimt Brexit-Treffen zu Lëtzebuerg

Um Méinden wëll d’Lëtzebuerger Wort wëssen dass et am Abrëll ee geheimt Treffen zwëschen dem britesche Staatssekretär David Jones an dem Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna stattfonnt huet. Offiziell wier d’Treffen dowéinst net gewiescht well d’Europäesch Unioun bekanntlech mat enger Stëmm am Sujet Brexit schwätze wëll.

“Es ist nicht bekannt, was genau der Inhalt der Gespräche zwischen Finanzminister Pierre Gramegna und dem Brexit-Unterhändler David Jones bei dem besagten Treffen war. Das Finanzministerium bestätigt auf Nachfrage des LW, dass es ein solches Treffen gab. “Auf Initiative des britischen Botschafters hat Pierre Gramegna am 24.4. David Jones in Luxemburg getroffen. Der Botschafter war ebenfalls anwesend. Inhalt des Gesprächs war ein Meinungsaustausch über die Situation nach dem Brexit und die anstehenden Verhandlungen”, so ein Sprecher des Finanzministers.”

D’Stagiairen hu Stress. Net ganz secher firwat.

Um Dënschden mellt de Radio 100,7 dass vill jonk Enseignant’en um Punkt si fir opzeginn.

“No Gespréicher mat Formateuren a Stagiairen huet den Educatiounsministère erausfonnt, datt vill jonk Enseignanten déi zousätzlech Laascht vum Stage net packen an Angscht virun den Epreuven hunn.”

Schwéier war allerdéngs aus dem 100,7 erauszehéieren wat dann elo genau un deem Stage problematesch ass. Opgegraff goufe just d’Kritike vun de Gewerkschafte SEW an SNE, déi soen si hätten d’Form vum Stage scho laang kritiséiert. D’Detailer déi musse mir eis da wuel denken….

Nei Statistiken vun der Zentralbank

Wéi d’Tageblatt an Dënschden schreift huet d’Banque centrale du Luxembourg (BCL) mat der Zesummenaarbecht mam Fuerschungszenter LISER eng ganz Rei Donnée’en iwwer d’Lëtzebuerger Bevëlkerung erausginn.

“[…] dass 88,0 Prozent der Haushalte im Großherzogtum ein eigenes Auto besitzen, 67,6 Prozent der Menschen in Luxemburg wohnen im Eigenheim. Außerdem besitzen noch weitere 26,3 Prozent der Haushalte andere Immobilien.”

Gläichzäiteg wier den Aarmutsrisiko am Grand-Duché bei 15,3%, an dat obwuel d’Finanzverméige vun den Haushalter, dat säit der leschter Studien ëm 44 000€ vun 88000€ op iwwer 130 000€ geklommen ass.

“Knapp über die Hälfte der Haushalte in Luxemburg haben Schulden, der Großteil davon entfällt auf Hypotheken. So haben 35,2 Prozent einen Immobilienkredit, während 33,9 Prozent andere Arten von Krediten hatten. Allerdings lagen die Volumina der Baukredite mit 251.900 deutlich über dem anderer Kreditarten, die auf 25.600 Euro kommen, zum Beispiel für Konsumkredite.”

Changementer fir Transsexueller zu Lëtzebuerg

De Justizministère huet um Mëttwoch ee neie Gesetzprojet virgestallt deen et Transsexuellen méi einfach maache soll fir hieren Etat civil ze changéieren.

“An Zukunft ass kee medezineschen Avis méi noutwendeg, mä eng reng administrativ Demarche gëtt agefouert, seet de Justizminister Felix Braz.”

Grondsätzlech heescht dat dass all Persoun, onofhängeg vun iergendengem Constat, hieren Etat civil op männlech oder weiblech ännere kann. D’Aféieren vun enger drëtter Geschlechtsméiglechkeet no steet dem RTL no nach an der Loft.

Et gëtt nach verständlech Stëmmen fir Fräihandel am Land

An enger Chronik fir de Paperjam um Mëttwoch présentéiert den Direkter vun der Chambre de commerce Carlo Thelen säi Plaidoyer (op Englesch) fir fräien Handel, besonnesch am asiatesche Beräich, déi ech recommandéieren!

“When we started to diversify our economy towards the end of the 80s and early 90s, most Luxembourgish companies which entered the Asian markets did so by establishing their representations in countries member of the ASEAN and sometimes chose to set up their regional headquarter there.”

Hei liesen.

D’Revendicatiounen vum LCGB

Um Donneschden schreift de Paperjam dass am Kader vun der Renégociatioun vum Kollektivvertrag am Bankesecteur déi chrëschtlech Gewerkschaft LCGB hir Demanden présentéiert huet:

“Les revendications du syndicat s’adressent également au gouvernement, à qui il demande une augmentation – de 15 jours à 3 semaines – de la durée légale des négociations en vue de l’établissement d’un plan social, et la mise en place d’un cadre légal prenant en compte la gestion des âges dans les entreprises de plus de 150 salariés.”

Esch verbitt Nazi-Demonstratioun

Wéi d’Tageblatt um Donneschde schreift huet d’Stad Esch eng Demonstratioun vu Neo-Nazien zu Esch/Belval verbueden.

“In einer Mitteilung an die Presse erklärte der Trierer NPD-Politiker Safet Babic am Donnerstag, er habe einen Antrag an die Stadt Esch für eine Mahnwache am Samstag in Belval gestellt. Aus Gründen der öffentlichen Sicherheit und Ordnung habe die Stadt Esch entschieden, die Mahnwache auf dem gesamten Gebiet der Gemeinde zu untersagen, heißt es am Donnerstag in einer Mitteilung der Stadtverwaltung.”

Och wann ee Rescht huet fir mat der rietsradikaler Ideologie vun de potentiellen Demonstranten net d’accord ze sinn, ass et kee Grond fir hinnen ze verbidden fir ze demonstréieren. Ee vun den Haaptpunkten vun enger liberaler Demokratie ass dass eng Meenungsfräiheet existéiert duerch déi een sech dierf fräi ausdrécken, och andeems ee manifestéiert.

Wie mat deene selweschte Methoden agéiert wéi déi déi ee vermeitlech verhënnere wëll, dann huet een d’Lektioune vun der Vergaangenheet wierklech net geléiert. Meenungsfräiheet gëllt fir jiddereen, och déi mat deenen een am Mannsten d’accord ass.

D’Ofschafen vun de Reliounscours’en gëtt konkret

Um Freideg mellt d’Lëtzebuerger Wort dass de Bildungsminister Claude Meisch Assurancë un d’Personal vum Reliouns- an Ethikscours ginn huet, wat d’Changementer vun de Reliouncours’en ugeet déi d’Regierung agelaut huet.

“Nach der Verabschiedung des Gesetzes wird eine Informationsversammlung stattfinden. Die Verpflichtungen seitens des Ministeriums seien begrüßenswert, dennoch blieben noch einige wichtige Aspekte zu klären, unterstreicht die Alerf [Association Luxembourgeoise d’Enseignant(e)s d’Education Religieuse et Morale dans l’Enseignement Fondamental A.s.b.l.]. Die Vereinigung will zudem darüber wachen, dass die praktische Umsetzung innerhalb der vorgesehenen Fristen erfolgt.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s