De Réckbléck vun der Woch [21/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech an der Vakanz sinn. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

D’CSV wëll Biergerparticipatioun

Wéi den RTL um Méindeg schreift versicht d’CSV fir d’Gemengewahlen am Hierscht esouvill Support wi nëmme méiglech ze fannen.

“De Laurent Zeimet ënnersträicht, datt et senger Partei wichteg wier, fir an der Gemengepolitik mat de Leit a Kontakt ze kommen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, hir Iddien an de Programm mat anzebréngen. Een Outil heifir ass d’Matmaach-Box …

“… wou u sech jiddereen, egal wou en am Land an a wéi enger Gemeng e wunnt, ka matmaachen – sech un enger ganz kuerzer Ëmfro ka bedeelegen”, esou de Laurent Zeimet.”

Wéi de Paperjam mellt sinn insgesamt 16 CSV-Deputéiert op Gemengewahllëschten ageschriwwen. D’Vollekspartei wëll et am Hierscht net op den Zoufall ukomme loossen, a nees eng kéier an deene meeschte Gemengen déi stäerkste Partei ginn.

D’Ëmfroen si gutt fir d’Regierung

Dës Woch ass dann endlech nees Ëmfro-Zäit: Sou schreift d’Lëtzebuerger Wort (ongären) um Méindeg dass d’Regierung Réckwand huet:

“Nach einem fast schon historischen Umfragetief im Juni 2015 scheint das Vertrauen in die Regierung wieder weitestgehend hergestellt.”

D’Regierung zesummegesat aus DP, LSAP an déi Gréng erreecht an där leschter Ëmfro 49 Prozent Zoustëmmung, a läit domat virun der Oppositioun (CSV, ADR an déi Lénk) mat 48 Prozent.

Chômage-Taux elo stabil bei 6 Prozent

Wéi de Jeudi um Méindeg schreift huet sech d’Unzuel vu Nët-Beschäftegten zu Lëtzebuerg bei ëm déi 16 000 agependelt.

“Sur un an, cela constitue une baisse de 1000 personnes, soit de 5,9%. Le taux de chômage s’établit à 6,0%, c’est-à-dire au même niveau qu’en mars 2017 et 0,5% en-dessous du niveau d’avril 2016. La baisse est généralisée et profite aussi aux demandeurs d’emploi plus vulnérables.”

De Jean Asselborn bleift dee populärste Politiker zu Lëtzebuerg

Um Dënschden goung et du weider mat der Auswäertung vum Politmonitor.

“Mat 83% bleift de Jean Asselborn a Punkto Sympathie a Kompetenz de beléiftste Politiker am Land. Dat geet aus dem neiste Politmonitor vun TNS Ilres, deen am Optrag vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort gemaach gouf, ervir.”

Esou schreift den RTL.

Screen Shot 2017-05-25 at 01.28.08

Weidere Sträit am Bankesecteur

Wéi et en Dënschden am Paperjam heescht geet de Sträit am Bankesecteur virun. D’Bankenassociatioun ABBL an d’Gewerkschaften OGBL-SBA an LCGB-SESF ginn sech net eens iwwer d’Prime vum Mount Juni, déi fir d’ABBL ze negociéiere wier a fir déi et bei der Gewerkschafte keen Doute gëtt dass se muss bezuelt ginn, aus konjunkturelle Grënn.

“Qualifiée de «pure provocation» et de «très mauvais signal pour la suite des négociations», cette annonce serait toutefois caduque, les trois syndicats assurant que «bien qu’elle soit dénoncée, la CCT 2014-2016 reste d’application durant toute la durée des négociations», ce qui les pousse à écrire noir sur blanc que «[l’]employeur est donc tenu de payer en juin 2017 [la] prime de conjoncture». Cette mise au point traduit donc le lourd climat qui existe actuellement entre les deux camps, et ce depuis plusieurs mois.”

Regierung nees gespléckt iwwer Glyphosat

Wéi de Mëttwoch am Paperjam steet, ass de Renouvellement vun der Autorisatioun vum bekannten Insektegëft Roundup (Glyphosat) bei der Europäescher Unioun nees um Dësch. De Gréngen Europadeputéierte Claude Turmes wëll sech mat aller Kraaft géint déi Erneierung stäipen, an dat obwuel en Expertecomité vun der EU kloer erginn huet dass Glyphosat keng Gesondheetsrisike mat sech bréngt. Enfin, et wier jo ze einfach engem Wëssenschaftler nozelauschteren, ausser natierlech wann et em de Klimawandel geet. DANN muss een der Science nolauschteren.

“Selon Claude Turmes, ce consensus serait consécutif à la volonté du ministre de l’Agriculture, Fernand Etgen (DP) – «poussé par la Centrale paysanne» – d’autoriser la poursuite de la commercialisation du glyphosate au Grand-Duché; tandis que la ministre de l’Environnement, Carole Dischbourg (Déi Gréng), y serait quant à elle opposée.”

Biergerparticipatioun bei der Landesplanung kritesch gekuckt

Um Donneschden huet de Radio 100,7 een Interview mam Generalcoordinateur fir Landesplanung zum Thema Biergerparticipatioun bei der Landesplanung diffuséiert. Bekanntlech huet d’Regierung annoncéiert dass si all d’Bierger an d’Diskussioune mat abanne wéilt, fir de Prozess ze demokratiséieren.

Ganz an der Linn vun all politesche Prozess zu Lëtzebuerg erkläert de Frank Vansteenkiste virtéischt dass virun allem de Staat sech beim Bauland méi als Promoteur misst dohinner stellen. Mee bei der Consultatioun selwer gëtt et och Kritik:

“De Generalcoordinateur fir Landesplanung gëtt zou, datt dee participative Modell, net representativ ass. Dat wier och net Sënn an Zweck vun enger participativer Approche, esou de Frank Vansteenkiste. Hie mengt och net, datt d’Bierger an de Panele just fir hir eegen Interesse wäerten antrieden.”

Zigaretteschmuggel ass ee Resultat vun eiser Anti-Tubak-Politik

Um Donneschden mellt den RTL via de Policebericht dass ee Mann mat iwwer 450 Stangen Zigaretten vun der Douane erwëscht gouf. Dës Tubaksprodukter si gefäscht an dowéinst oft geféierlech fir de Konsum.

Screen Shot 2017-05-27 at 09.07.26

Dës Produkter wäerten an Zukunft ëmmer méi op de Marché am Grand-Duché zoukommen, well konsekutiv Regierungen (an d’EU) net ophalen am Beräich Tubak ze iwwerreguléieren. De Franséische President Macron wëll op de Pak fir 10€, do, wou an a Länner wéi Groussbritannien schonn ass. Dowéinst gëtt besonnesch bei Leit mat wéineg Akommes ëmmer méi op falsch an immens ongesond Tubaksprodukter zeréckgegraff.

Och zum Thema:

Ongesond Virschrëften – Fräie Mikro um 100,7

Why Counterfeit Tobacco Is Plaguing France

De François Bausch wëll keng Mega-Camion’en

Wéi de Quotidien um Freide mellt wëll den Transportminister François Bausch keng grouss Camion’en zu Lëtzebuerg. Op den Autobunnen solle keng Camion’en vun iwwer 25 Meter fueren dierfen:

“François Bausch précise que «dans le cadre des discussions, le Luxembourg s’est toujours opposé à une circulation de VLL sur son territoire. En considérant les aspects de la sécurité routière et des infrastructures, la présence de VLL aura en effet des répercussions négatives sur la sécurité des autres usagers de la route et, en particulier, des usagers vulnérables, surtout lorsque les VLL évoluent en milieu urbain».”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s