De Réckbléck vun der Woch [19/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Wann déi “onofhängeg Press” sech vum Staat ofhängeg mëscht

Um Dënschden war d’Chamber-Debatt iwwer d’Medien besonnesch interessant fir d’Lëtzebuerger Press, well et gouf nämlech iwwert hir Suen d’Suen vun de Steierzueler diskutéiert. De Pluralismus misst garantéiert ginn. Hëllef fir déi geschriwwe Press, de Service Public fir de Radio a fir d’Télé wiere keng “Nice-to-have”en, sou wéi verschidde Leit dat géinge soen. Et ass och keng Optioun, mee eng Noutwendegkeet., sot de Medieminister Xavier Bettel am Parlament.

“An Zuelen ausgedréckt mécht dat: 22 Milliounen d’Joer direkt an indirekt Hëllefen fir d’Print-Press; 450.000 Euro fir Online-Produiten an am Ganzen 38 Milliounen d’Joer fir déi traditionell Berichterstattung.”

Wann Presseorganer sech vu groussen Interessegruppen ofhängeg géinge maachen, da géif et dofir berechtegt Kritik reenen. Wann awer de Staat, dee soss näischt wéi een enormen Interessegrupp ass, Millioune vun anere Leit hire Sue verdeelt, dann ass dat mat der Onofhängegkeet séier vergiess. Dass dobäi besonnesch déi Lénk, déi mat Länner wéi Russland jo bekanntlech wéineg Problemer hunn, sech een ëffentlech-rechtleche Staatsfernseh wënschen ass dann nach manner iwwerraschend.

Zum Sujet: In Europe, Bill O’Reilly would still have a Job

Déi Saach mam Flegesecteur schéngt net an d’Rei ze goen

Um Mëttwoch schreift d’Lëtzebuerger Wort dass d’Patronatsvertrieder am Fleegesecteur sech fir de Konflikt mat der Gewerkschaft net verantwortlech fillen:

“Wir sprechen uns dafür aus, dass die jetzigen Beschäftigten direkt die Erhöhungen beziehen können, und nicht in einer Übergangsphase, so wie es beim Staat erfolgt”, betont Michel Simonis, Vertreter der Copas. Dass eine Übereinkunft mit den Gewerkschaften noch ausbleibe, sei viel mehr darauf zurückzuführen, dass die Arbeitnehmervertreter langfristige Garantien über den anstehenden Kollektivvertrag hinaus verlangen. Sprich übers Jahr 2020 hinaus.”

Asou, et kann also sinn dass et guer net dem Patronat seng Schold war dass et hei zu enger Streiksituatioun komme kann? Wéi iwwerraschend, dovun huet ee guer näischt am Tageblatt gelies…

Lëtzebuerg an Tschechien als Konkurrenten

Am Sträit ëm de neie Sëtz vun der europäescher Bankenopsiicht EBA sinn de Grand-Duché an d’Tschech Republik Konkurrenten, schreift um Mëttwoch d’Tageblatt.

“Und genau in diesem Zusammenhang ist die Visite am Mittwoch des tschechischen Premiers Bohuslav Sobotka besonders interessant. Während Premier Bettel und Sobotka tatsächlich eine gute Beziehung zu pflegen scheinen, wollte Luxemburgs Regierungsspitze den Konkurrenzkampf um die EBA herunterspielen.”

Béid Länner hunn eng Kandidatur agereecht fir de Sëtz, dee bis elo a Groussbritannien war, an deen elo duerch de Brexit wäert plënnere mussen, ze kréien. De Premierminister Xavier Bettel besteet drop dass d’europäesch Accord’en an dësem Sujet immens kloer sinn, well ee Beschloss iwwer d’Ënnerbréngung vun den Organer, vun 1965, kloer feststellt: „Die für finanzielle Interventionen zuständigen Dienststellen der Europäischen Gemeinschaft für Kohle und Stahl werden in Luxemburg untergebracht.“

Déi Saach mat der Entwécklungsaarbecht

Um Donneschden huet de Radio 100,7 den éisträicheschen Expert a Saachen Entwécklungshëllef Friedbert Ottacher interviewed, fir iwwer d’Transitioune vun der Entwécklungshëllef ze schwätzen. Et misst ee fortkomme vun der Idee vun Hëllef a méi vu Kooperatioun schwätzen. 120 Milliarden Euro ginn all Joer fir solch Projet’en ausginn.

“Och wann een d’Impressioun hätt, datt grad elo vill Kricher ausgedroe ginn a méi Leit wéi jee an Nout sinn: den Androck täuscht, insistéiert de Friedbert Ottacher. D’Zuel vun de Leit, déi an absoluter Aarmut liewen, huet an de leschte 50 Joer ofgeholl. “D’Betätegungsfelder vun der Entwécklungs-Zesummenaarbecht wäerten dowéinst op laang Siicht ofhuelen.””

Arens iwwerhëllt OneCoin

Um Freiden mellt de Paperjam dass de fréiere Banquier Pitt Arens, dee CEO vun der Bank Invik, Head of Corporate Finance Origination bei der ING a Co-Head vu Corporate Finance bei der BIL war, elo déi kontrovers Entreprise OneCoin iwwerhëlt. OneCoin ass ee Ponzi scheme deen op enger privater Blockchain als Crypto-Währung funktionéiert.

“L’activité de OneCoin, qui n’est pas soumis au contrôle d’autorités de régulation, consiste dans la vente de matériel de formation en ligne afin de démocratiser l’usage des crypto-monnaies. Les différentes formules proposées sont assorties de «jetons» qu’il faut ensuite convertir en monnaie réelle en l’utilisant pour l’achat de services ou de biens.”

E puer Grénger an ee neie Slogan

Um Samschden schreift den RTL dass déi Gréng sech op hirem Parteikongress zu Déifferdeng een neie Slogan zougeluecht hunn: Gréng wierkt.

Opmannst als Publikumsmagnéit schéngt Gréng op alle net ze mierken. Dass definitiv keen Andrang bei de Grénge Kollege war, dorop huet beim RTL awer keen higewisen. Op der Foto gesäit et op alle Fall spärlech aus:

Screen Shot 2017-05-13 at 19.24.23
Screenshot RTL

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s