Dëst Joer si Gemengewahlen. Iwwer Joerzéngten ewech steigt d’Unzuel u Gemengerotssëtzer zu Lëtzebuerg ouni erkläerleche Grond… ausser villäicht politeschen Opportunismus. Dëst Ritual dat all 6 Joer stattfënnt gehéiert gestoppt.
Am Joer 1993 gouf et zu Lëtzebuerg 349 Gemengerotsmandater, 1999 waren et der 420, 2005 waren et der 475, a bei de leschte Gemengewahlen 2011 koume 555 Mandater zesummen. Dat ass eng Hausse vu 60%, an dat a manner wéi 20 Joer.
Dësen System baut op der proportioneller Representatioun op, dee 7 Conseillérën a Gemengen ënner 1000 Awunner virgesäit, an dann stufeweis opbaut, bis op 19 Membere fir Gemengen iwwer 20 000 Awunner (mat der Gemeng Lëtzebuerg als Ausnahm, mat 27 Memberen). Dat heescht dass de Wuesstem vun der Populatioun zu Lëtzebuerg onweigerlech zu ëmmer méi Mandater bäidréit, déi, mat der aktueller Entwécklung, och ëmmer méi séier gëtt.
Dat bedeit dass jee nodeem wéi d’Awunnerzuel am Land steigt, (wahrscheinlech mat där selwechter Hausse oder souguer méi enger héijer Hausse iwwer déi nächst 20 Joer) de Steierzueler wäit iwwer 20 000 zousätzlech Stonnen congé politique all Joer wäert musse rembourséieren. Do sinn elo nach net d’Käschte vun den Indemnitéiten dran, déi bei Schäffen zwëschen 33€ a 566€ leien.
Mee d’Fro ass nach eng méi grondsätzlech: Brauche mir esou vill Gemengemandater? D’Konklusioun misst ganz einfach sinn dass ee Conseillér méi Bierger vertrëtt, net dass mer ëmmer weider Plaze schafe fir dass d’Parteien hier Membere kënnen ënnerbréngen. Amplaz sech mat dëser käschtenintensiver Fro ze beschäftegen, gëtt ëmmer nees fläisseg iwwer de cumul des mandats oder Fraequote beroden, déi eppes iwwer d’Qualitéit, mee net d’Quantitéit vun de Gemengemandater aussoen.
Moien,
Wéi kommt Dir op déi Zuelen do? Ech hunn selwer nogerechnet an kommen op 1152 Mandater fir ganz Lëtzebuerg.
Merci
Bescht Gréiss.
Moien,
Dat sinn d’Zuelen aus dem Statec sengem “Luxembourg en chiffres”. Sinn dovun ausgaangen dass si sech net geiert hunn.