[Reportage] Europäesche Conseil decidéiert sech am Moment nach net fir Tierkei-Sanktioun

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 12. Dezember iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Um Sommet vun den europäesche Staats- a Regierungscheffen dës Woch koum et net zu neie Sanktioune géint d’Tierkei. Dem Land ënnert der Direktioun vum Präsident Erdogan gëtt virgeworf, am Mëttelmier d’Séi- a Loftgrenze vu Griicheland net ze respektéieren an och géint Uno-Resolutiounen ze verstoussen.

Et war näischt Neies an de Conclusioune vum Europäesche Conseil, dee sech bis Mäerz Zäit gëtt, fir sech nei Rapporten iwwer d’Tierkei unzekucken. Griicheland an Zypern haten no staarke Mesurë gefrot, déi awer net zeréckbehale goufen. Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet sech bei der Pressekonferenz nom Sommet enttäuscht gewisen. Déi däitsch Presidence hätt sech méi vun dësem Sommet erwaart, wat Sanktioune fir d’Tierkei ugeet.

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens ass net iwwerzeegt dovun, dass Sanktioune géife wierken. Wann dat nämlech esou wier, dann hätt et sech schonn erëmgeschwat. Eng haart Linn wier weder am Stil, nach am Interêt vun der EU, a kéint de Regime vum Erdogan souguer confirméieren.

D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler gesäit dat anescht. Si seet, dass wann d’Tierkei sech vun Uno-Resolutioune beaflosse loosse géing, da wier d’Situatioun an Zypern och net eskaléiert. D’Tierkei wier net ouni kloer Sanktiounen, och ekonomesch Sanktiounen, ze impressionéieren.

Déi Säit, déi sech fir méi diplomatesch Mesuren asetzt, huet dës Woch d’Iwwerhand behalen. Ob Ankara d’Verlängerung vum gudde Wëllen unhëlt an ob Konsens schafft, wäert sech iwwert déi nächst Méint musse weisen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s