Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 11. November iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Orban-Regierung ass géint d’Konditioun, datt d’Member-Länner nëmme vun EU-Gelder kënne profitéieren, wa se Rechtsstaatlechkeet an Demokratie respektéieren.
D’Europaparlament zu Bréissel huet e Mëttwoch den neie Budgetsaccord zwëscht de Verhandlungsteams vum Parlament a Conseil diskutéiert. Hei geet et ëm de EU-Budget fir déi nächst 7 Joer, deen zesumme mam COVID-19 Hëllefspak eng historesch héich Valeur vun 1,8 Billiounen Euro huet. Et ass ee Kompromëss, deem seng Popularitéit allerdéngs nach net kloer ass.
Nom neie Budgetsdeal war direkt kloer, dass d’Parlament an de Conseil aner Aart a Weisen hunn fir den Accord ze beschreiwen: Wärend d’Parlament behaapt, dass den Accord 16 Milliarde méi Sue virgesäit, mat enger Milliard déi benotzt ka ginn, wann se gebraucht gëtt, schwätzen d’Staats- a Regierungscheffe vun engem cibléiertere Renforcement vu 15 Milliarden Euro. E groussen Deel vun deene Fonge kënnt iwwert Strofen un Entreprisen, déi d’EU-Konkurrenzrecht verletzt hunn.
D’Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo seet, dass d’Europaparlament ambitiéis Ziler hat fir dëse Budget. Déi wieren net erfëllt, besonnesch bei Sozialfonge wiere keng Erhéijunge komm.
Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel seet, dass ee geséich wéi wichteg d’Europaparlament wier, well et wiere si gewiescht, déi mat Nodrock eege Ressourcen, also EU-Steiere, gefuerdert hunn. Och bei der “Rule of Law Conditionality” (dass EU-Fonge just u Länner ginn déi d’fundamental Rechter vun der EU anhalen) wieren Avance komm.
Bei genee dësen zwee Sujeten ass et awer nach net sécher op den neien Deal net awer scheitere kann. EU-Steiere sinn zwar geplangt, mä legal gesinn, kann d’EU just dann eege Ressourcen aféieren, wann d’Parlamenter vun alle Memberstaate jo soen. Garantéiere kann dat elo nach keen.
D’Conditionalitéit vum Etat de Droit kéint dofir suergen, dass den ungaresche Premierminister Viktor Orban de Budget blockéiert, well hien der Meenung ass dat säi Land ongerecht cibléiert gëtt. D’Orban-Regierung ass géint d’Konditioun, datt d’Member-Länner nëmme vun EU-Gelder kënne profitéieren, wa se Rechtsstaatlechkeet an Demokratie respektéieren. Dat wier net esou ausgehandelt ginn an dowéinst kéint Ungarn dem EU-Budget net zoustëmmen.
Wann Ungarn wierklech blockéiert, da kënnen och déi geplangten europäesch Corona-Hëllefen net wéi geplangt ausbezuelt ginn.
Et gëtt erwaart dass d’Europaparlament an der Woch vum 23. November iwwer den neien Accord ofstëmme wäert.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!