[Reportage] Zu Bréissel gëtt mat Spannung op d’Decisioun an den USA gekuckt

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 5. November iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

D’Lëtzebuerger Europadeputéiert hunn an engem EU-Talk op d’Walen an den USA reagéiert.

An den USA gëtt et nach ëmmer kee Resultat fir d’Wal vum President, wat fir vill Nervositéit suergt, virun allem beim Donald Trump. Zu Bréissel gëtt och mat Spannung op d’Situatioun an Amerika gekuckt.

Normalerweis kënnt fir d’Walen an den USA de Noriichtenzyklus fir eng Woch zum Stëllstand a fokusséiert sech just op Washington. Dës Kéier wäert dat net anescht sinn, besonnesch well d’Resultater ab elo schonn een Dag méi spéit dru si wéi 2016, wat virun allem doru läit, dass vill Leit per Bréifwal gewielt hunn.

D’ganz Welt kuckt op Amerika, well d’Administratioun zu Washington vun deene nächste 4 Joer immensen Afloss op d’politescht Geschéie wäert hunn. D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler seet, dass d’amerikanesch Bevëlkerung immens gespléckt ass. De Fait, dass d’USA manner present an der Weltpolitik wieren, dorënner och militäresch, sollt eis signaliséieren, dass Europa op eegene Féiss stoe muss.

Propositioune wéi zum Beispill eng europäesch Arméi, wéi se vum franséische Präsident Macron a vun der Däitscher Bundeskanzlerin Merkel an d’Diskussioun bruecht gi sinn, kommen aus der Conclusioun, dass d’USA eng manner wichteg Positioun an der Aussepolitik anhuelen.

Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz mengt, dass jee nodeem wéi d’Walen ausginn, d’Klimapolitik dovun direkt beaflosst gëtt: Den Joe Biden setzt sech dofir an, dass d’USA nees een Deel vum Paräisser Klimaaccord ginn, wärend den Trump e verlooss huet.

Donieft géif den Donald Trump net nëmme seng eege Landsleit splécken, mee och Europa. Den Donald Trump seet selwer, dass hien de Brexit an d’Motivatiounen hannert dem Brexit ënnerstëtzt.

En Dënschdeg hat den Donald Trump op enger Ried viru senge Supportere sech fälschlecherweis als Gewënner presentéiert, obwuel e groussen Deel vun de Stëmmen nach net gezielt war. Dozou seet den DP-Europadeputéierte Charles Goerens, dass dat net iwwerraschend wier. Jidderee misst ee Resultat organiséieren ausser de Wieler, dat hätt mat demokrateschem Verständnis näischt ze dinn.

Et ass zu dësem Zäitpunkt nach net kloer wéini d’Resultater vun de Wale offiziell ginn. A verschiddene Staate kéint et zu engem juristeschem Sträit iwwer d’Resultater kommen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s