[Reportage] Neie “FISC”-Comité am Europaparlament gegrënnt

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg gegrënnt, a gouf de 24. September iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Am Europaparlament huet sech dës Woch een neie Comité gegrënnt, dee sech mat Steierfroen an der Europäescher Unioun beschäftege wäert.

Sief et LuxLeaks oder PanamaPapers, d’Europaparlament huet sech an deene leschte Joere vill mat Steierfroe beschäftegt. D’Europadeputéiert sinn dësem Sujet meeschtens anescht agestallt wéi d’Staats- a Regierungschefen. Si froe méi Kompetenze fir d’EU a méi Transparenz a Steierfroen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass Member vum neie “FISC”-Comité zu Bréissel. Hie seet, dass et an där parlamentarescher Aarbecht drëms geet, dass solidaresch a fair besteiert gëtt. Et sollten net nëmmen individuell Steierzueler fir de Sozialmodell opkommen, mee och grouss Entreprisen. Dat wier Steiergerechtegkeet.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s