[Reportage] Neie Brexit Moment gebraucht : Lëtzebuerger Europadeputéiert reagéieren

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 16. Juni iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Et gëtt een neie Moment gebraucht gëtt an de Brexit Negotitiounen. Dat soten de britësche Premierminister Boris Johnson an d’Cheffen vun den Institutiounen vun der Europäescher Unioun no enger Videokonferenz gëschter.

Et war een Telefonsgespréich fir sech ze soen dass ee sech net richteg versteet. Op britescher Säit wëll ee négociéieren iwwert de sougenannten level-playing field beim Handelsofkommes. Op der Säit vu Westminster wëll ee souvill wéi méiglech kënne vun EU-Reegelen divergéieren, während Bréissel fäert dass dat zu onfairer Konkurrenz féiert. Sträit gëtt et och bei der Fro op den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg an Zukunft bei Handelsfroen soll entscheeden, nodeems déi britesch Regierung gesot huet dass si dat Geriicht no hierem Exit net méi unerkenne mussen.

Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens setzt säit Vertrauen an de Brexit-Négociateur Michel Barnier. “Hohe Staatskunst” wier gefrot, fir d’EU aus hierem Dilemma erauszebréngen. Wann d’EU géing noginn dann iwwerschreit se hier eege rout Linnen, mee wann se net nogëtt, dann kënnt et zu kengem Accord Enn des Joers.

Den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel fënnt dass d’Resultater vun den aktuelle Verhandlungen net impressionant sinn. Wenn de Premierminister Johnson wierklech een Accord wéilt, da misst hien einfach Concessioune maachen op Sujet’en wéi dem level-playing field (d.h. dass Groussbritannien der EU entgéint kënnt op Reglementéierungen vun Wueren a Servicer), sou nach de sozialistesche Politiker.

Den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen ass de Rapporteur fir ee méiglechen Handelsofkommes mat Groussbritannien, a schwätzt och dovun dass een e Neistart am Toun brauch, well dee wier an der lescht ganz schlecht gewiescht. Hie schwätzt och vun der Wichtegkeet vum Level-playing field.

Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz mengt dass d’Chancen op een Deal elo ëmmer méi kleng ginn. Sozial an ökologesch Standard’en dierften op kee Fall reduzéiert ginn.

Zënter der Videokonferenz vu gëschter ass et secher dass et zu kenger Verlängerung Enn dës Joers wäert kommen, trotz Corona. De britesche Premierminister seet dass hie kee Grond gesäit firwat déi grouss Linnen vun engem endgültegen Accord net schon de nächste Mount stoe sollen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s