[Reportage] Marc Angel stellt Budgets-Critère vum Maastricht Vertrag a Fro

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 27. Mee iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Am Kontext vum Coronavirus ginn d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun Suen aus, fir der Wirtschaft ënnert d’Äerm ze gräifen.

An den EU-Traitéë sinn awer Limitte fir Depensen a Scholde festgesat, déi elo ëmmer méi ëmstridde ginn.

Frankräich huet d’Europäesch Unioun dozou opgeruff, fir de Memberstaaten dëst an d’nächst Joer bei de Budgetsreegelen duerch d’Fangeren ze kucken. No de Konvergenz-Critèren, déi och als Maastricht-Critère bekannt sinn, dierfen d’EU-Memberen net méi wéi 3% vum PIB Budgetsdefizit maachen an net méi wéi 60% vum PIB als Staatsschold hunn. Déi Ziler sinn och am Stabilitéitspakt vun den Euro-Länner festgehalen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Marc Angel seet, dass esou Reegelen e gewëssene Merite hunn, well Scholdespirale geféierlech wieren. An awer misst ee Froe stellen, dorënner, ob et nach opportun ass, dës Konditioune bäizebehalen, fir den aktuelle Problemer entgéintzewierken. D’Sozialisten am Europaparlament géifen dofir eng golden rule proposéieren, wou Scholden, déi fir d’ekologesch Transitioun gemaach goufen, net géingen zielen.

Och wa grouss Entreprisen, wéi zum Beispill Fluchgesellschaften, géife vun de Staate gehollef kréien, géif dat net heeschen, dass Entrepreneuren, Salariéen oder Indépendanten op der Streck bleiwen. D’Europäesch Kommissioun hätt Programmer, déi der Aarbechtslosegkeet géingen entgéintwierken.

Dat eenzegt Euro-Land, wat d’Critère vum Stabilitéitspakt bis elo nach net gebrach huet, ass iwwregens Lëtzebuerg.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s