[Reportage] Méi Suen, EU-Emprunt, eege Recette fir Bréissel

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 28. Mee iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

E Mëttwoch huet d’Europäesch Kommissioun een iwwerschaffte “Budget pluriannuel” virgestallt. Do si vill Ännerunge virgesinn.Play VideoReportage EU-Budget / Bill Wirtz

Virun allem gëtt geännert, wéi d’EU un dës Recette kënnt.

De Budget fir 2021-2027 soll 1,1 Billioun Euro sinn, also 1.100 Milliarden, déi d’gesamt Contributioune vun allen 27 Memberstaaten duerstellt. Bis elo war deen eenzege Wee fir d’EU, un dës Gelder ze kommen, dat wat de Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens als de « klassesche Wee » bezeechent : d’EU gëtt direkt finanzéiert iwwert d’Budgete vun de Memberstaaten.

Elo géifen och aner Weeër op den Dësch kommen, fir u Recetten ze kommen, sou den DP-Politiker, notamment duerch een Emprunt duerch d’Europäesch Kommissioun selwer. Am Ufank vun der Corona-Kris waren déi sougenannte “Coronabonds” diskutéiert ginn, also mutualiséiert Scholden um Niveau vun der EU, fir manner stabillen Ekonomien ënnert d’Äerm ze gräifen. D’Europäesch Kommissioun relancéiert dës Propose.

A si péckt och een anert waarmt Eisen un, notamment nei Steieren op groussen Entreprisen, wéi Facebook oder Google. Et ass net déi éischter Kéier, dass d’Kommissioun Steieren op groussen Entreprise wëll erhiewen. Steierfroen sinn an der EU awer begrenzt duerch ee “vote unanime”. All dës Proposen wäerte bei de Staats- a Regierungscheffen, déi dozou hiren Accord musse ginn, nach vill Diskussioun ausléisen.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s