[Reportage] Nicolas Schmit iwwer ökologesch Transitioun um Aarbechtsmarché : Mir brauchen honnerte Milliarden Euro

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 23. Februar iwwerdroen.

D’Europäesch Kommissioun schafft un de konkrete Proposen vun engem “European Green Deal”, also engem Plang fir eng ökologesch Transitioun déi dem Klimawandel soll entgéint wierken. Fir den Aarbechtsmarché, a besonnesch dee vun der Logistik an der Energie, heescht dat vill Verännerung.

De Programm vun der Europäescher Kommissioun ass ambitiéis: Bis 2050 keng Net-CO2-Emissiounen, a kee wirtschaftleche Wuesstem duerch Benotzung vu natierleche Ressourcen. Dat heescht dass vill EU-Membersstaaten hieren Transportsecteur an hier Energieproduktioun mussen ëmstellen.

De Komissär fir Aarbecht a Soziales Nicolas Schmit schwätzt vill vu der “Green Jobs Economy”, also vu neien Aarbechtsplazen déi duerch d’ëmweltfrëndlech Transitioun wäerte geschaf ginn. Sief et Solarpanneau’en, Wandmillen, or Hydroenergie: Ee neien Energiemodell brauch vill Infrastruktur a Manpower. Länner wéi Polen hunn ee Groussdeel vun hierer Energie nach ëmmer duerch Kuel. D’Kuel ofschafen, dat hätte mer och an der Vergaangenheet scho gesinn, huet sozial Konsequenzen.

De Komissär fir Aarbecht seet dass et evident wier dass ee Minnenaarbecht ëmforméieren net einfach ass. Dofir bräichten d’Membersstaaten déi néideg Fongen wier d’sozial Ongerechtegkeet ze bekämpfen.

De Nicolas Schmit gesäit sech hei net am Konflikt mat de Gewerschaften, well si géinge verstoen dass mat deene néidegen Investissementer e Changement méiglech ass.

Näischt dovun kéint vun haut op muer geschéien. Och beim Transport hätte mer ee laange Wee virun eis. Et misst elo massiv an d’Schinn investéiert ginn, fir de Giddertransport vun der Strooss erof ze huelen. Honnerte Milliarden vun Euro wier néideg fir dës Transitioun méiglech ze maachen. An der aktueller Propose vun der Europäescher Kommissioun wëll Bréissel iwwer direkt Fongen a privat Investissementer 100 Milliarden Euro mobiliséieren.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s