Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerger produzéiert, an ass den 3. Februar iwwerdroe ginn.
Déi Europäesch Agentur fir d’Sécherheet vun der Aviatioun beschäftegt sech am Moment mat neie Reegelen fir d’Benotzung vun Dronen, sief et kommerziell oder privat. Well esou vill Dronen an Zukunft sollen an eisem Loftraum fléien, stelle sech hei vill froen iwwer déi néideg Gesetzer.
Wien am Moment seng privat Dron iwwer d’Musel fléie léisst, kann emol schnell domat konfrontéiert ginn dass d’Reegelen zu Lëtzebuerg anerer sinn wéi an Däitschland. Hei seet d’Europäesch Unioun dass et am meeschte Sënn mech fir d’Conditiounen ze uniformiséieren. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz freet d’Europäesch Kommissioun an enger schrëftlecher Demande op si der Meenung ass dass déi existéierend Reegelen duer ginn. Zum Beispill géife sech Froe stellen wann d’Police Drone benotzt.