Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 19. Februar iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Zënter e puer Méint beschwéiert sech Griicheland bei aneren EU-Memberstaaten, dass hinne bei mannerjärege Flüchtlingen net gehollef géing ginn.
D’Europäesch Kommissioun zu Bréissel deet sech schwéier, fir een eenheetlechen EU-System fir d’Flüchtlingsfro ze fannen, an eng Lëtzebuerger Europadeputéiert kritiséiert dës Inaktivitéit.
Am Hierscht d’lescht Joer hat de griischeche Migratiounsminister Michalis Chrisochoidis een Appell u seng Homologen aus de 27 EU-Memberstaate geriicht. 4.000 mannerjäreg Flüchtlingen, déi net accompagnéiert sinn, sinn am Moment op griicheschen Inselen, ouni déi néideg humanitär, sanitär, an edukativ Ënnerstëtzung, fir se richteg z’accueilléieren.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler, Member vun der Mënscherechtskommissioun am Europaparlament, seet, dass Griicheland nach ëmmer ënnert dem Problem vun ze vill Arrivéeën leit. Déi meeschten EU-Memberstaaten haten als Reaktioun gemengt, dass si dës Kanner net kéinten ophuelen. D’Isabel Wiseler seet, dass si versteet, dass ee sech fir eng europäesch Léisung asetzt, erkläert awer och, dass an der Tëschenzäit Kanner a ganz schlechte Konditiounen op dësen Insele sinn. Et bräicht ee méi séier eng Léisung.
Eng automatesch europäesch Ëmverdeelung vu Flüchtlinge misst geschéien, esou d’CSV-Politikerin, a si dierf net fräiwëlleg sinn. Länner wéi Ungarn hate sech am Ufank vun der Flüchtlingskris ferm géint esou ee Reegelwierk gestäipt. D’Isabel Wiseler ass der Meenung, dass een déi Konfrontatioun mat esou Länner misst agoen.
Ee Changement vun den europäesche Verträg wier ideal, mä dat géif Referendumen an EU-Memberstaate mat sech bréngen, woufir si am Moment net wier.