Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 14. Feburar iwwerdroen.
Dës Woch war d’Plénière vum Europaparlament zu Strosbuerg, wou ënnert anerem d’Brexit-Verhandlungen, d’Relatioune mat Afrika, an den illegale Schmuggel vun Hausdéieren um Ordre du Jour waren.
Ufanks der Woch huet d’Europaparlament hiere Mandat de négociation fir d’Verhandlungen mat Groussbritannien gestëmmt. An hierem Vote um Dënschden wëll d’Parlament keng Droits de douane, a keng Quoten, mee wënscht sech vu Westminster dofir awer ee Level-playing-field bei de Standard’en vun de Wueren.
Mat 543 Stëmmen dofir, just 39 Stëmmen dogéint, a 69 Abstentiounen, hunn d’Europadeputéiert dës Resolutioun ugeholl.
Um selweschten Dag huet d’Europaparlament sech och mat Ausspolitesche Sujet’en beschäftegt, dorënner d’Situatioun a Syrien, de Kampf géint Antisemitismus, an den Etat de droit a Polen.
An engem Débat iwwer d’Relatiounen zwëschen der Europäescher Unioun an Afrika huet den DP-Europadeputéierten Charles Goerens dorop higewisen dass a Saachen vun der Entwécklungshëllef an dem Handel, Europa den éischten Handelspartner vun Afrika ass. Hie werft d’Fro op, ob et net géing Sënn maachen der Afrikanescher Unioun ze hëllefen ee Sëtz am Sécherheetsrot vun der UNO ze kréien.
Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet an engem ganz spéiden Débat am Parlament e Mëttwoch iwwer den illegalen Handel mat Hausdéiere geschwat. Fir dogéint firzegoen fuedert d’Tilly Metz een harmoniséierten EU-System, deen de Verkaf vun Hausdéieren iwwer de ganze Kontinent ewech tracéiert. Donieft misst d’EU och géint illegal Reklamme vun Hausdéiere virgoen, fir illegale Schmuggler ze Wand aus de Seegelen ze huelen.
Méi spéit an der Woch dann huet d’Europaparlament dann och säin Accord fir den Handelsaccord mam Vietnam ginn, an eng allgemeng Rekatioun op de Coronavirus diskutéiert.