[Reportage] Brexit-Accord: Reaktiounen zu Bréissel

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn an ass den 30. Januar iwwerdroe ginn. Méi zou fënnt een hei.

USO: Gëschter krut den Accord iwwer de Brexit den Accord am Europaparlament zu Bréissel. De Bill Wirtz war sech sur place a puer Reaktioune vu gewielte Lëtzebuerger Vertrieder sichen.

Et war ongewinnt voll am Europaparlament zu Bréissel, wou sech d’international Press gedréckt huet fir gutt Biller vun enger parlamentaresch Prozedur ze kréien, vun där jiddereen am viraus wosst wéi se géing ausgoen. Mat 621 Stëmmen dofir, 49 Stëmmen dogéint, a villen emotionale Rieden, huet d’Parlament säin Accord ginn. Domat war et offiziell, Groussbritannien trëtt aus der Europäescher Unioun eraus.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo sot et wier fir si schwéier gewiescht Emotiounen zréck ze halen.

Rose war d’DP-Politikerin iwwer d’Aussoen vun de briteschen Brexit-Deputéierten, déi den Départ mat Union Jack-Fändelen gefeiert hunn, an eng triomphéierend Ried gehalen hunn.

D’grouss Fro vun deene nächste Méint ass wéi eng nei Handelsrelatioun zwëschen der EU a Groussbritannien kann aussgesinn.

Ufanks der Woch hat déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz gemengt dass et immens wichteg wier dass d’Europäesch Unioun a Verhandlungen net soll u Standard’en erof schrauwen, a mat gudden Gewësse négociéieren.

An deene Negociatioun ass iwwregens ee Lëtzebuerger besonnesch wichteg: Rapporteur fir den Handelsaccord mat Groussbritannien ass den CSV-Europadéputéierten Christophe Hansen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s