[Reportage] Récapitulatif Strosbuerg : Mënscherechter, Malta, Mercosur

Dëse Reportage ass den 20. Dezember op RTL Radio Lëtzebuerg iwwerdroe ginn.

USO : A senger leschter Plénières-Woch zu Strosbuerg huet d’Europäescht Parlament sech nees ville Sujet’en ugeholl. Vu Mënscherechter iwwer d’Situatioun zu Malta, bis op de Schutz vun de Beien. De Bill Wirtz huet d’Detailer.

D’Woch zu Strosbuerg war zu engem Deel zeremoniell. Gefeiert gouf den zéngten Anniversaire vum Lissabonner Vertrag, deen déi modern an aktuell Europäesch Unioun an d’Liewe geruff hat, an de Kompromëss-Accord zu der Europäescher Verfassung vun 2005 war.

De Mënscherechtsaktivist Ilham Tohti krut donieft de Sakharov-Präis vum Europäesche Parlament. Selwer erschénge konnt hie net, well hien a China aus politesche Grënn festgehale gëtt. An der allgemenger Diskussioun iwwer d’Situatioun vun der Uyghur-Minoritéit a China, huet sech d’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler an der Plénière zu Wuert gemellt.

Donieft hunn sech déi nei Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen a de neie permanente Rotspräsident Charles Michel der Plénière misse stellen. Um Ordre du jour virun allem de Brexit.

An engem Débat mam Handelskommissär Phil Hogan huet déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz Kritik um Mercosur-Handelsaccord mat Südamerika ausgedréckt. Den Traité wier net gutt fir d’Ëmwelt. Normal wier zum Beispill net dass Gidder wéi Fleesch kéinte méi fräi gehandelt ginn, well et op béide Säite genuch dovu géif ginn.

Och eng Rëtsch Voten hu stattfonnt : 10 Pfanzeschutmëttel, doreënner de Mancozeb an de Dimoxystrobin, sollen dem Parlament no keng Autorisatioun méi kréien. Donieft  ass d’Diskriminatioun vun der LGBT-Communautéit a Polen vum Parlament an enger Resolutioun condamnéiert ginn.

Am Fall vu Malta freet d’Europaparlament d’Démissioun vum Premierminister, deen zënter dem Mord vun enger Journalisting am Joer 2017 ënner Kritik steet.

Zu gudder lescht goufe de Kommissär fir Budget an Administratioun Johannes Hahn befrot. An Zentraleuropa géifen EU-Fonge strukturell mësbraucht ginn, woufir d’Parlament ee bessere Contrôle vun der Säit vun der Europäescher Kommissioun freet.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s